Revalorisatioun vu Poliziste mat Secondaires-DiplomMinistère an SNPGL ënnerschreiwen Accord a Punkto "voie expresse"

RTL Lëtzebuerg
An der Saach geet et ëm d'Revendicatioun vun enger ganzer Partie Beamte mat Secondaires-Diplom, déi e Reklassement vun der C1- an d'B1-Karriär verlaangen.

D’Verwaltungsgeriicht hat rezent eng gewëss Diskriminéierung constatéiert, ma net d’Justiz mä d’Regierung misst d’Situatioun klären.
Well eng ganz Partie Beamte dës Evolutiouns-Méiglechkeeten net hätten, misst elo reagéiert ginn, heescht et an engem Communiqué vum Policeministère.

Wat ënner anerem ännert ass, datt Polizisten déi bei der Gesetz-Ännerung 2018 e Secondaires-Diplom haten, schonn no 12 Déngschtjoren Accès op d’B1-Karriär kënne kréien.

Hei fannt Dir den Accord tëscht dem Ministère an dem SNPGL.

Back to Top
CIM LOGO