Innovativ Iddien an der LandwirtschaftMinistère schaaft Ulafstell fir Baueren, Wënzer a Gäertner mat neie Projeten

Maxime Gillen
Christophe Hochard
Baueren, Wënzer oder Gäertner hëllefen, nei Weeër ze goen. Dat huet sech de Landwirtschaftsministère ënnert der Martine Hansen op de Fändel geschriwwen.
© MA

De Ministère huet eng Ekipp vu Leit zesummegestallt, déi genee dat solle maachen. E Mëttwoch ass dës nei Ulafstell am héijen Norden offiziell presentéiert ginn.

Agri-Innovatioun / Reportage Maxime Gillen

Méi genee zu Kaalber bei Clierf. Hei hunn den Norbert a Jempi Eilenbecker hiren Haff. Zesumme mat der Wënzerin Corinne Kox gouf getest, wéi een aus Drauwekäre kann Ueleg maachen. D’Wënzerin wollt nämlech wëssen, wat an dem Offallproduit vun der Wäiproduktioun nach alles esou drastécht. An do ginn et nawell Optiounen, wéi d’Corinne Kox erkläert.

“Den Ueleg kann ech als Ueleg verkafen, also als alimentairen Ueleg, mee den Drauwekärenueleg u sech, kann een och als Basis vun engem anere Produit huelen. Dat heescht, wann elo de Marché net do ass fir alimentairen Ueleg, kann ech nach ëmmer soen, ok, mir huelen deen Ueleg, fir eppes aneres ze maachen. An do sinn och d’Méiglechkeete relativ grouss an dat ass dann och an där zweeter Etapp, wou mer da kucke wat mer domat maachen.”

D’selwecht fir den Offall vum Offall, also de gemuele Kären, déi nom Ueleg pressen nach iwwreg bleiwen.

“Dat Einfachst ass direkt an de Wéngert domadder. Et ass e Produit, dee schonn a ganz klenge Stécker ass. Dat heescht, et ass eppes, wat sech relativ gutt kompostéiere léisst. Dofir ass et am Fong en Amendement fir de Buedem. Mir huelen dat, wat mer erausgeholl hunn, a bréngen et erëm zréck. Et gëtt e Projet, wou een dat do kann als Baumaterial benotzen. Also do gëtt et bestëmmt nach ganz vill Weeër, déi mir och lo nach net wëssen. Mee do musse mer kucken, wat mer do aus deem Produit och nach eraushuelen.”


Et sinn also genee esou Projeten, déi de Ministère wëll ënnerstëtzen andeems ënnert anerem Kontakter vermëttelt ginn an iwwer méiglech Bäihëllefen informéiert gëtt. Dat grousst Zil derhannert ass et, d‘Innovatioun an der Landwirtschaft ze fërderen. An dofir ginn et der Ministesch no, e sëllege gutt Grënn.

“Fir eis Landwirtschaft op méi breet Been ze stellen, fir se méi resilient ze maachen, fir d’Akommes ofzesécheren, awer och d’Maart an d’Konsumverhale vun de Leit ännert. An d’Landwirtschaft muss sech och dorunner upassen. Dat geet net ëmmer esou einfach. A mat Innovatioune behale mer u sech eng innovativ, eng modern an attraktiv Landwirtschaft.”

Déi éischt Hürd fir den Duo Kox an Eilenbecker bleift awer d’Fro, wéi een d’Kären iwwerhaapt emol aus der Schuel vun den Drauwen erauskritt. Dat ass nämlech bei wäissen Drauwen net esou evident, wéi bei rouden, well den Zocker an der Fruucht dat Ganzt verpecht an d’Gärung der Saach och net op d’Spréng hëlleft.

Wéilt een dat Ganzt also rentabel maachen, bräicht een eng extra Maschinn, déi et esou awer aktuell nach guer net gëtt.

Zu Kaalber krute se bis elo aus ronn 13 kg Drauwekären 1 Liter Ueleg gemaach. Och dat soll an Zukunft nach méi effikass ginn.

Et ass deemno dacks e laange Wee bis eng innovativ Iddi um Enn och wierklech e fäerdege Produit ass, dee ka verkaaft ginn. D’Ulafstell vum Ministère fënnt een iwwerdeems ënnert dem Numm Agri-Innovatioun.

Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO