
Eppes steet fest: Bei Fokus wëllt een net politesch kategoriséiert ginn. Ausser, datt een als Partei mat Extreme guer näischt um Hutt hätt. “Et wëllt kee Mënsch wëssen, wou s de stees, esoulaang s de eppes proposéiers, vun deem ee mengt, datt et u senge Liewensëmstänn eppes zum Positive kéint veränneren”, seet den designéierte Spëtzekandidat Frank Engel. Esou Proposen hätt Fokus dem Frank Engel no a leschter Zäit schonn e puer op den Dësch geluecht.
E Sonndeg am Nationalcomité ass iwwert d’Suerg vun de Energiepräisser, déi an d’Luucht ginn, an d’Inflatioun diskutéiert ginn. Awer och iwwert de Wuesstem, dee besser misst an d’Groussregioun agebett ginn.
Bis ewell wier awer nach net kloer, mat wéi engen Haaptsujeten een dann dat nächst Joer an de Walkampf starte wéilt. Dat kéint een aktuell nach net soen, well een net wéist, wéi den Zoustand am Land zu deem Moment wier. Fest steet awer, datt déi sozial Gerechtegkeet wéi och d’Steiergerechtegkeet wichteg Sujete wäerte sinn. “Mir hätten zwar gären, mä mer kënnen net, ass zu dësem Zäitpunkt keng Optioun méi”, betount de Frank Engel. D’Leit hätte schonns ze laang eng Steierreform versprach kritt. D’Upassung vum Barème un d’Inflatioun wier ze maachen an och eng gerecht Kategoriséierung vu bestëmmte Lounkategorien a -stufe wier noutwendeg. Doriwwer eraus huet Fokus scho viru Wochen eng Propos fir e sozialen Index gemaach.
E weidere Sujet, deen den Nationalcomité um Sonndeg beschäftegt huet, war déi demokratesch Entwécklung vum Land. Hei ass een net zefridde mat der Aarbecht vum Parlament, well dëst seng Kompetenzen net richteg géing wouerhuelen. Dofir gëtt iwwer eng Form vun Direktwal vun der Regierung nogeduecht. “D’Leit solle kënnen decidéieren, wie se op Regierungsniveau dirigéiert”, erkläert de Frank Engel.
Fir d’Gemengewale wäert een dann net an der Positioun sinn, fir flächendeckend Lëschten opzestellen, sou de Spëtzekandidat. Well awer op ville Plaze wäerte Biergerlëschten existéieren, wëll ee sech eventuell mat deene Leit zesummendinn. Kloer wär awer och elo schonn, datt een an deene grousse Gemengen eege Lëschte wäert opstellen, an dat mat den eegenen Themen.