
D'Personal aus de Kompetenzzentere seet sech "erniichtert enttäuscht" vum Educatiounsministère, deen op keng vun hire fundamentale Fuerderungen agaange wier. No enger éischter Reunioun mam Claude Meisch en Dënschdeg hunn déi zoustänneg Syndikater APCCA, vum SEW-OGBL, an SPEBS-CGFP, an engem gemeinsame Communiqué festgehalen: "Mir sinn eis eens, dass mer eis net eens sinn".
Déi Reunioun wier konstruktiv gewiescht, ma, zwee Schaffdeeg virun der Rentrée, vill ze spéit komm.
D'Enseignanten an de Minister wiere sech eens, datt et ganz wichteg wier d'Schoulen e Méinden nees opzemaachen, seet d'Presidentin vun der APCCA Nadia Ruef: "Mir waren eis esouguer och eens, dass et jo am Moment och keng pedagogesch Konzepter ginn, déi ausgeschafft goufen, wéi zum Beispill am Cycle 1, an do hat de Minister eis dunn ugebueden, ob mir als Gewerkschaften dann do wëllen drun Deel huelen, fir eppes op d'Been ze stellen, an dat hu mir einfach an deenen zwee Deeg, déi elo nach bleiwen immens kuerzfristeg fonnt a mir bedaueren et eben extrem, dass déi Offer net einfach vill éischter komm wier, dann hätt een eppes ausgeschafft."
Dann hätt een als Professionell um Terrain och ënnerschiddlech Point de Vuë wéi de Claude Meisch. D'Enseignantë kënnen d'Argumentatioun vum Minister net novollzéien, firwat d'Presenz an der Klass net reduzéiert gëtt. Wuel wieren d'Klasse méi kleng, ma d'Raimlechkeeten och.
Et géif och net stëmmen, datt dës Gruppe méi zou wieren, vue dass en Deel vum Personal esou wuel an de Kompetenzzenter, wéi och bei Schüler mat spezifesche Besoinen an der Reegelschoul intervenéieren.
Et hätt een d'Uweisung, sech "dans la mesure du possible" un d'Sécherheetsmoossnamen ze halen - do bréicht een awer Prezisiounen, wat dat konkret heescht.
Fir den Ament géifen dofir nach ganz vill Froen opstoen, seet d’Nadia Ruef, déi am Centre pour le développement intellectuel schafft: "Et wäert zimmlech esou oflafen, dass d'Klassen ënnert sech bleiwen an dass mer eis dann iwwer Telefon wäerten uruffen, wann iergendeppes ass, well mir hunn Deelweis Schüler, wou mer eis géigesäiteg mussen hëllefen, wou mer a Situatioune geroden, wou et net duergeet wann een eleng ass a wou een da mat anere Leit zesumme sech muss dinn, fir de Besoine gerecht ze ginn."
Et géif ee probéiere, méi mat de Kanner erauszegoen, do bréicht een dann awer och méi Leit. Zousätzlecht Personal wier awer nach net virgesinn, et wéisst een och net wien ersetze komme kéint, wann en Enseignant krank géif ginn. Och an de Schoulbusser géif kee Begleetpersonal matfueren, bedauert d'Sekretärin vun der SPEBS-CGFP an Enseignant an der Logopedie Claudine Muller: "Dat ass ee Probleem, dee sou wéi sou och scho viru Covid-19 bestanen huet, datt eis Schoulbusser vun de Kompetenzzenteren ee Probleem sinn, well eben do Schüler mat spezifesche Bedürfnisser zesummen an deene Busser sëtzen an et kënnt dacks do zu Konflikter. An elo ass d'Situatioun natierlech nach méi schwiereg, well jo dann awer an de Busser, an dat ass eis och confirméiert ginn, déi sanitär Mesurë sollen agehale ginn, dofir gëtt d'Unzuel vun de Busser erhéicht, fir datt déi Distanz kann agehale ginn."
Hei hätt een erkläert kritt, datt dat an der Kompetenz vum Transportministère léich, ma datt Begleedpersonal an de Busser wéinst engem "beträchtleche Käschtepunkt" schwiereg z'organiséiere wier.
