
Schonn elo geséich een, datt dëst Joer nees mat enger Hausse ze rechnen ass, déi zweestelleg dierft sinn, quitte datt se net un déi 30 Prozent vun zejoert erukënnt.
D’Bauaarbechte wieren donieft op engem historeschen Héichpunkt an dat wier eng Erausfuerderung fir d’Clienten, mä och fir d’Mataarbechter. Fir hir Rechter setzt de Syprolux sech an, dorunner huet déi al an nei Presidentin vum Syndikat, d’Mylène Bianchy, e Mëttwoch den Owend keen Zweiwel gelooss.
Onbequeem wëllen d’Mylène Bianchy an hir Ekipp sinn an ëmmer erëm de Fanger an d’Wonn leeën. Zum Beispill am Dossier vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport. Zejoert gouf et bei den CFL 173 Iwwergrëffer, de Gros ware verbal Aggressiounen, et gouf 10 Fäll vu Menacen a 26 Fäll vu physescher Gewalt. Dës Chiffere kéint een a Relatioun setze mat den 28,7 Milliounen transportéierte Passagéier a sech domadder zefridde ginn, datt den Duerchschnëtt net esou schlecht ass, seet d’Mylène Bianchy, mä dat wier falsch.
“All Aggressioun, ob physesch oder verbal, ass eng Gewaltdot ze vill. Wa mer esou e Verhale statistesch relativéiere wëllen, ënnerwerfe mer eis der Fatalitéit vun der Gewalt an an deem Ament hu mer verluer a virun allem hu mer da versot.”
De Syprolux wëll dofir der Gewalt d’Stier bidden a pocht weider drop, datt den Eisebunner am Fall vun enger Aggressioun besser ënnerstëtzt gëtt. Dat géif bei der Unerkennung vun enger Aggressioun als Aarbechtsaccident ugoen.
“Kee vun eis huet et verdéngt, eng zweete Kéier Affer ze ginn, nämlech an deem Ament, wou eng Assurance Accident entscheet, den Agent wier jo just bespaut ginn, dat wier jo keng ‘lésion corporelle’, dat wier jo dann alles net esou schlëmm, sou datt den Agent dann och keen Aarbechtsaccident unerkannt kritt. Dat heescht, et intresséiert eng AAA net, wat an eiser Kolleegin oder an eisem Kolleeg no enger Aggressioun virgeet.”
D’Mylène Bianchy nennt dës Astellung de Combel vun der Respektlosegkeet a se wier komplett nieft der Plack an Zäiten, an deenen endlech och déi mental Gesondheet méi Opmierksamkeet géif kréien. De Syprolux fuerdert d’Ënnerstëtzung vun der Politik, fir datt d’Affer Gerechtegkeet kritt an de Syndicat hätt gär, datt all Aggressioun och als Outrage à agent gesi gëtt, esou wéi dat fir d’Polizisten oder d’Leit vum CGDIS de Fall ass.
Ma och soss ass an der grousser Famill op der Bunn net alles perfekt. Den éischten Employeur am Land huet zejoert 515 nei Leit agestallt, mä dat wieren net automatesch 515 Agente méi.
“Als Syprolux héiere mer dacks och alt emol um Terrain den Titel ‘Should I stay or should I go?’ E Fait, deen net just eis mä och d’CFL-Obregkeet interpelléiere soll. Mécht een nämlech eng éierlech Analys, da stellt ee fest, datt d’CFL besonnesch an den ënneschte Karriäre manner attraktiv ginn ass.”
E weidere Problem, mat deem een op der Bunn ze kämpfen huet, ass den Absenteismus, deen iwwer 6 Prozent läit an domadder ee Prozent méi héich ass, wéi déi national Moyenne. Eng ganz kloer Ursaach ass fir de Syprolux de Manktem u Personal. D’Leit missten net just agestallt ginn, mä sech och unerkannt a valoriséiert fillen.
Op d’mannst e Mëttwoch den Owend gouf et grousse Luef vum Generaldirekter. Zënter 6 Joer gi bei de Clienten nämlech Sondagë gemaach, fir ze froen, wéi zefridde se mat den CFL sinn. D’Resultater vun där leschter Ëmfro leien zënter kuerzem um Dësch an de Marc Wengler freet sech, datt seng Leit do exzellent Bewäertunge kritt hätten.