Kritik u MinisterMobbing-Affer a Fonction publique ginn net genuch geschützt, esou OGBL

RTL Lëtzebuerg
Beim onofhängege Gewerkschaftsbond ass een net zefridde mat der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. 
© Envato Ijeab

Den OGBL kritiséiert de Minister fir den Ëffentlechen Déngscht Serge Wilmes, well Mobbing-Affer an der Fonction publique net protegéiert géife ginn.

Mobbing am ëffentlechen Déngscht wier en akute Problem. Ma de Minister géing dat net unerkennen an net eescht huelen.

All fënnefte Mataarbechter am Staatsdéngscht wier Affer vu Mobbing, sou d’Chambre des Salariés. Den OGBL verlaangt eng onofhängeg Ulafstell fir Affer vu Mobbing.

Den CSV-Minster hat den DP-Deputéierte Gusty Graas a Fernand Etgen awer geäntwert, datt eng parallel Prozedur zu der Disziplinarprozedur net effikass wier.

PDF: De Communiqué vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO