4.609 StierffällMortalitéitstaux vum leschte Joer ass 5,8 Prozent méi héich wéi erwaart

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus den neiste Chiffere vum Statec ervirgeet, sinn d'lescht Joer 4.609 Awunner hei am Land verscheet. Et gouf eng Iwwerstierflechkeet festgestallt.

Wéi de Statec e Méindeg de Moien an engem Rapport schreift, wier dëst deen héchste Chiffer un Doudegen zanter de leschten 10 Joer. Ofgesi vun der Corona-Pandemie an dem 1. Covid-Doudegen hei am Land den 13. Mäerz 2020 geet d'Tendenz awer erof, bedéngt duerch e mëlle Wanter.

Am Verglach 2020 sinn tëscht Januar a Mëtt Mäerz 899 Stierffäll gezielt ginn, géint 1.072 am Joer 2018 an 966 dat Joer dono. Wéi de Statec weider schreift, wier de Mortalitéitstaux wuel nach méi héich ausgefall, wann een eng méi héich Grippen-Episod erlieft hätt.

D'Hausse an der Stierflechkeet wär och méi markéiert bei Männer a géing virun allem Leit iwwer 75 Joer concernéieren. Duerch dës Hausse ass och d'Liewenserwaardung zejoert liicht zeréckgaangen. Fir Frae läit dës bei 85,3 Joer a fir Männer bei 80,1 Joer.

PDF: Schreiwes vun der Statec

Back to Top
CIM LOGO