
De Motocyclist hat an enger Kéier d’Kontroll verluer an doropshin en Auto ze pake kritt, dee laanscht d’Strooss geparkt war.
De Mann gouf uerg verwonnt, wéi d’Police präziséiert, huet awer keng Liewensgefor bestanen. Hie koum no enger Éischtversuergung op der Plaz mam Samu an d’Spidol.
Et huet sech nach erausgestallt, dass de Moto net uerdentlech ugemellt war. De Parquet gouf doriwwer informéiert an et gouf ordonéiert, d’Gefier sécherzestellen.