
Am Kader vun enger Vitesskontroll op der A13 a Richtung Péiteng war d’Police op ee ganz presséierte Motocyclist opmierksam ginn. De Chauffer, deen och nach eng zweet Persoun hannert sech op der Maschinn sëtzen hat, war mat 148 Stonnekilometer amplaz den erlaabten 110 ënnerwee.
Am Rond-point Biff huet d’Police de Motocyclist zwar erëmkritt, ma dësen huet d’Zeeche vun de Beamten, fir stoen ze bleiwen, ignoréiert an huet nees opgezunn. Mat deels däitlech iwwer 120 Stonnekilometer, a wéi d’Police schreift, e puer geféierlechen Iwwerhuelmanöveren ass et a Richtung Rodange weidergaangen.
Kuerz drop war d’Flucht och schonn eriwwer an de Motocyclist konnt lokaliséiert ginn. Hien a säi Bäifuerer waren an engem Rond-point gefall. Kengem ass dobäi eppes geschitt. Et gouf protokolléiert.