N10Motocyclist stierft no Accident nach op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 17 Auer ass den Accident e Mëttwoch op der N10 geschitt, dat kuerz viru Gemünd an Däitschland.
© Domingos Oliveira (RTL)

Éischten Informatiounen no ass e Motosfuerer an engem Grupp vun am ganze 7 Motosfuerer säitlech an ee Motocyclist gerannt a kuerz drop géint e Bam gestouss.

De Mann vu 64 Joer aus Holland gouf uerg blesséiert an ass nach op der Plaz vum Accident gestuerwen. Deen anere Motosfuerer war och gefall, ma gouf net blesséiert.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Kriminalpolice mat den Ermëttlunge vum Accident beoptraagt an och eng Autopsie vum verstuerwene Motosfuerer ugefrot.

Motocyclist stierft no Accident nach op der Plaz
Kuerz viru 17 Auer ass den Accident e Mëttwoch op der N10 geschitt, dat kuerz viru Gemünd an Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO