
Op 18 vun den 31 Mäerz-Deeg huet et alles an allem iwwer 73 Liter de Metercarré gereent. Dat si 16 Liter méi wéi d’Moyenne aus de Joren 1991 bis 2020. An deenen 30 Joer louch d’Duerchschnëttstemperatur an engem Mäerz da bei 5,7 Grad Celsius. Dëst Joer waren et méi wéi 2 Grad méi.
Den Zuele vu MeteoLux no war et am Mäerz 2012 awer nach méi waarm.