„Et war nach ni sou attraktiv, säin Haus energetesch ze renovéieren an ze sanéieren.“ Dat huet den Energieminister Claude Turmes an d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount, bei där si d’Campagne „Clever wunnen“ presentéiert hunn.
Bis den 31. Mäerz 2021 kënnen d’Leit vu verschiddenen Aide fir d’Renovéierung an d’Sanéierung vun hirer Wunneng profitéieren. Ënnert anerem gi 50 Prozent op déi existent Primme bei der Energieberodung geluecht, wat bis zu 3.300 Euro kéinten ausmaachen, a 50 Prozent méi bei der Sanéierung, wat bis zu 30.000 Euro un Hëllefe kéint duerstellen. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg nennt e Beispill:
Wann eng Famill hei a Lëtzebuerg mat engem Haus vun 150 Metercarré géing hiert ganzt d'Haus komplett sanéieren, also Façade, Fënsteren, d'Dall mécht an och nach hir Masuttsheizung duerch eng Wäermepompel ersetzt, da kéim ee mat deem Pak, dee d'Regierung proposéiert, op eng Aide financière vun iwwer 65.000 Euro.
Och beim Heize soll op Nohaltegkeet gesat ginn an dofir gëtt et och do e Plus vun 25 Prozent bei den Aiden.

D'Ministesch huet betount, datt een awer net de komplette Package muss huelen, mä een och vun eenzele Mesurë profitéiere kann.
An dat gëllt souwuel fir al Haiser, déi nach guer net renovéiert sinn, wou vläicht nach eng Masuttsheizung dran ass, mä och fir déi schonn isoléiert Haiser, wou awer vläicht nach op fossil Energien oder Gas gesat gëtt.
D’Campagne hätt als Zil, datt d’Bierger gesond an nohalteg sanéierten Haiser liewen an een doduerch en effiziente Klimaschutz mécht, hu béid Ministeren ënnerstrach.
Den Energieminister Claude Turmes huet betount, datt d'Campagne awer och de lokalen Handwierker ze gutt komme soll.
Hinen an engem schwéiere Moment ënnert d'Äerm gräifen an hinnen hëllefen, méi Heizungen ze ersetzen, wéi déi lescht Joren a méi Haiser ze renovéieren. Mir hunn an deem Secteur 90.000 Leit schaffen, 7.000 Betriber. An ech hoffen, datt mer duerch déi Moossnamen, déi mer op de Wee bréngen, och e wesentleche Bäitrag maachen, fir hinnen ze hëllefen.
All d’Informatioune fënnt een ënnert myenergy.lu an d’Demande kann ee bei myguichet.lu maachen.