
Dës gouf vun der Grénger EU-Deputéiert Tilly Metz organiséiert. Den Owend stoung ënnert dem Motto “En Agrardësch fir all Mënsch”.
Deen neie President vun der Landwirtschaftskammer ass der Meenung, datt säi Secteur viru villen Erausfuerderunge steet. Eng dovunner ass den administrativen Opwand, deen ëmmer méi schlëmm géif ginn.
D’Tilly Metz huet bedauert, datt mat der aktueller gemeinsamer europäescher Agrarpolitik keng administrativ Vereinfachung erreecht gi wier.
Propose vun hirer Fraktioun wiere refuséiert ginn.
Si fuerdert e Paradigmewiessel an der EU-Agrarpolitik, well déi 27 Länner hei och eng gemeinsam Responsabilitéit hätten. Schliisslech géif een Drëttel vum EU-Budget an d’Agrarpolitik goen.
Si huet donieft fir e Grondakommes am Allgemengen, mä hei speziell fir de Bauer plädéiert.
Méi Detailer am Reportage.