Op fräiwëlleger BasisNaturparken zu Lëtzebuerg vu Sprangkraut befreien

RTL Lëtzebuerg
Vum 25. Juli bis den 29. August kënne Fräiwëlleger an den Naturparken hei am Land indescht Sprangkraut rappen.
Naturparken zu Lëtzebuerg vu Sprangkraut befreien
Vum 25. Juli bis den 29. August kenne Fräiwëlleger an den Naturparken hei am Land indescht Sprangkraut rappen.

Dat, well d'Sprangkraut sech zu Lëtzebuerg rasant verbreet. Mir waren e Samschdeg de Moie bei där Aktioun an de Mëllerdall laanscht luussen.

D'Sprangkraut kënnt aus dem Himalaya a gouf Enn 19. Joerhonnert ënnert anerem vun Hobbygäertner wéinst senge Bléien an Europa geplanzt. Allerdéngs verbreet sech d'Planz immens séier laanscht Baachen a kann onerwaarten Auswierkungen op aner Planzenaarten hunn.

Ëmmer méi heefeg fënnt ee Sprangkraut och a Bëscher. Eng Sprangkraut-Planz ka bis zu 4.000 Som produzéieren a verbreet sech, andeems se Som aus der Somkapsel bis zu 7 Meter wäit schleidert. Well d'Planz kleng Wuerzelen huet, féiert seng Verbreedung och zu Buedem-Erosioune laanscht Baachen. Ouni konsequent Bekämpfung wäert sech d'Planz an den nächste Jore massiv verbreeden. Nodeems d'Planze gerappt goufen, gi se an der Biogasanlag entsuergt.

Fir bei der Aktioun matzemaachen a sech fir Naturschutz anzesetzen, musse sech Fräiwëlleger am Virfeld bei engem vun den Naturparken umellen. Och an Zukunft kann ee sech mellen, fir am Mëllerdall Sprangkraut ze rappen.

Back to Top
CIM LOGO