Russesch Oppositioun mobiliséiert weltwäitNee zum Putin! Nee zum Krich an der Ukrain!

Jeannot Ries
Den Terror an d'Repressioun vum President Wladimir Putin op en Enn bréngen. An der Ukrain. Awer virop och am eegene Land.
Russesch Oppositioun mobiliséiert weltwäit
Déi russesch Oppositioun huet e Sonndeg vun Neiséiland bis eriwwer op Los Angeles, an iwwer 100 Stied uechter d’Welt opgeruff, op d’Strooss ze goen.

Dofir huet d’russesch Oppositioun e Sonndeg vun Neiséiland bis eriwwer op Los Angeles, an iwwer 100 Stied uechter d’Welt opgeruff.

Hei zu Lëtzebuerg waren se zwar nëmmen zu enger gudder Dosen, wat awer och Illustréiert, wéi schwiereg et ass, als russesche Staatsbierger, och 2.500 Kilometer vu Moskau ewech, op d’Strooss ze goen, fir géingt de Regime vum Wladimir Putin ze manifestéieren. Bei de Walen am Mäerz hu 66% vun de Russen hei zu Lëtzebuerg net fir de Putin gestëmmt. Guer net dervun ze schwätzen, wéi delikat, wéi geféierlech Widderstand a Russland selwer ass.

“Et si wierklech ganz schwéier Zäite fir d’russesch Oppositioun. Hinne gëtt d’Liewe schwéier gemaach. Et ass wierklech net méiglech, Widderstand zum Ausdrock ze bréngen. Dat geréngst wou e géint russesch Gesetzer verstéisst, kann een am Prisong landen. A russesch Prisonge si schrecklech. D’Prisongen si grausam Platzen”, sou d’Maria.

Nee zum Putin !

Dee 42 Joer ale Vladimir Kara-Murza huet um eegene Kierper erfueren, wat et heescht, vum Putin zum Staatsfeind erkläert ze ginn. Grad wéi och den Oppositionellen Illia Iachine an d’Wittfra vum Alexei Navalny goungen Honnerte Russen e Sonndeg de Mëtteg zu Berlin op d’Strooss, wou déi selwecht Sloganen, wéi hei zu Lëtzebuerg dominéiert hunn: “Fräiheet fir d’politesch Prisonéier a Russland. Nee zum Krich an der Ukrain. Nee zum Putin, dee virun den Internationale Geriichtshaff misst bruecht ginn”, sou den Evgenii Pereverzev, dee selwer en Affer vun der Repressioun gouf.

Héich gehale gouf weltwäit dee wäiss-blo-wäisse Fändel vun der Oppositioun.

Den Nikolay erkläert: “Et ass de Fändel, mat deem sech d’russesch Oppositioun vun deem Offiziellen ënnerscheet. Ouni dat Rout. D’Blutt wat an der Ukrain fléisst. E symboliséiert d’Oppositioun zum Putin. An de Retour vum Fridden an der Welt an a Russland.”

Un d’Politiker hei zu Lëtzebuerg war et och de Rappell, kéng Geschäfter mat Russland ze maachen.

Guer kéng Geschäfter méi mat Russland ze maachen. Geld mat deem de Putin säi Krich finanzéiere géif, iwwerdeems de Westen och Suen ausgëtt, fir d’Ukrain z’ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO