Air RescueNei Asazméiglechkeeten - Hëllef aus der Loft

Pierre Weimerskirch
D’Zuel vun den Asätz, déi d’Lëtzebuerger Air Rescue den Ament flitt, ass nees um Niveau vu virun der Kris.
Nei Asazméiglechkeeten - Hëllef aus de Loft
D’Zuel vun den Asätz, déi d’Lëtzebuerger Air Rescue den Ament flitt, ass nees um Niveau vu virun der Kris.

Um Findel war en Donneschdeg en Training, fir Missioune mam Helikopter aus der Loft ze maachen, ouni dat ee muss landen.

Déi Zort vun Operatioune goufen déi lescht Joren net méi gemaach, well et Onkloerheeten iwwert de Finanzement gouf. An den neie Kontrakter mam CGDIS ass dat gekläert ginn, an Zukunft ginn esou Missiounen nees geflunn. En Donneschdeg huet een eng Simulatioun gemaach vun enger Situatioun, wou eng Persoun anzwousch läit, wou den Accès méi komplizéiert ass. Als éischt gëtt dofir eng Persoun ofgesat, déi de Brancard an d’Persoun fäerdeg mécht, duerno kënnt den Helikopter zréck an d’Persoun gëtt eropgezunn.

Elo wärend dem Confinement ass d’Zuel vun den Asätz zréckgaangen, et gouf kaum Verkéiers- an Aarbechtsaccidenter. Et wier een awer mëttlerweil nees um Niveau vu virun der Kris. Zesumme mam CGDIS, de franséischen an däitschen Autoritéiten huet een un insgesamt 40 Transporter vu Covid-19-Patiente participéiert. Esou Operatioune ginn den Ament net méi geflunn, et wier een am alen Alldag ukomm.

Back to Top
CIM LOGO