Guide fir den Horeca-SecteurNei Campagne soll d'Haaptreegele vum Code de Travail einfach erklären

RTL Lëtzebuerg
Den Horeca-Secteur steet ënner Drock: laang Aarbechtszäiten, flexibel Schichtpläng an ëmmer méi Reegelen. Mat enger neier Campagne soll gehollef ginn
© Emmanuelle Schmit

Nei Campagne fir den Horeca-Secteur / Reportage: Emmanuelle Schmit

Mat engem neie praktesche Guide soll de Leit gehollef ginn, mat deem komplexe Rechtskader eens ze ginn. Den Aarbechtsministère, d’Fédération HORESCA an d’ITM hunn e Mëttwoch déi nei Campagne virgestallt.

De Guide, dee vun der ITM publizéiert gëtt, soll präzis an einfach zougänglech sinn an d’Haaptreegele vum Code du Travail am Horeca-Secteur erklären. An der Broschür fënnt een Informatiounen iwwer d’Rechter an d’Flichte vun de Patronen a Salariéen, esou wéi iwwer spezifesch Reglementatioune fir d’Nuetsschichten, Sonndes- a Feierdagsaarbecht. D’Campagne ass net nëmmen eng Initiativ, déi informéieren, ma och d’Acteuren am Horeca-Secteur motivéiere soll, sech mat de gesetzleche Bestëmmungen auserneenzesetzen.
De Steve Martellini, Generalsekretär vum HORESCA begréisst d’Initiativ:

“Mir hu säit laangem déi Fuerderung gestallt, dass déi Kontrollen an Zukunft präventiv gemaach solle ginn an och do proaktiv soll dem Secteur gehollef ginn. Et ass immens wichteg, well wéi gesot d’Betriber bei eis am Secteur hunn et am Moment net einfach. Ech mengen, ganz genau mat där dote Campagne probéiere mer do d’Liewen awer do méi einfach ze maachen.”

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet d’Virgoensweis vun der ITM mat enger Rouder Luucht verglach:

“D’Methode wéi mer bei der ITM funktionéieren: Rout, dat heescht natierlech d’Situatioun, wou net gutt ass, wou mer bei de Kontrolle musse feststellen, de Betrib, all Kontrolle maachen, dass eng Strof ausgeschwat muss ginn. Virdrun ass den orangen, dat ass déi Situatioun, wou mer de Leit onbedéngt mussen hëllefen a soen, wat net gutt leeft. Déi beschten Etapp ass déi gréng, dat ass Conseil et Assistance, dat ass do, wou mer den Horeca-Secteur wëlle begleeden, informéieren, beroden, wéi et besser ka goen ouni direkt op rout ze sprangen.”

Zu der Campagne gehéieren Annoncen an der Zeitung an am Radio souwéi och an de soziale Medien.

LINK: D’Schreiwes vum Aarbechtsministère zesumme mat der ITM an der Horeca

Back to Top
CIM LOGO