Architekteconcours gëtt lancéiertNei Dikrech geet an déi nächst Phas

Marc Hoscheid
Am Fréijoer an am Summer goufen an diverse Formater Iddie fir d'Ëmgestaltung vum Stadkär gesammelt. En Dënschdegowend gouf een éischten Tëschebilan gezunn.
© Marc Hoscheid/Archiv

D’Volleksfest Al Dikrech dierft deene meeschte Leit queesch uechter d’Land ee Begrëff sinn. Nei Dikrech par Konter wuel éischter manner. Dobäi geet et ëm d’Ëmgestaltung vun der Groussgaass an dem reschtleche Stadkär. En Dënschdegowend goufen an der Aler Seeërei éischt Resultater vun engem Biergerbedeelegungsprozess presentéiert.

De Projet Nei Dikrech geet an déi nächst Phase (Reportage Marc Hoscheid)

D’Still waren zwar net all besat, ma fir eng Infoversammlung matten an der Woch war déi Al Seeërei awer ganz passabel gefëllt. Zanter Abrëll, ewéi eng Infoversammlung organiséiert gouf, fir de Projet Nei Dikrech virzestellen, haten d’Bierger eng Partie Méiglechkeeten, hir Iddien anzebréngen. Bei enger Onlineëmfro hate 665 Leit matgemaach, dobäi koume Workshoppen a guidéiert Trëppeltier duerch den Zentrum. Bei der Analys vun den Iddie wier kloer ginn, datt d’Leit à priori ee gutt Bild vum Dikrecher Zentrum hätten a sech mat hirer Stad géifen identifizéieren. Loft no uewe wier awer ënnert anerem bei der Accessibilitéit fir Cyclisten, den ëffentlechen Toiletten, der Zuel vun de Parkplazen an de Logementspräisser. Um Enn goufen 52 Iddien zeréckbehalen. De Luc Wagner vum zoustännegen Escher Architektebüro erkläert, wéi et elo weidergeet.

“Déi Iddie fléisse lo an de Cahier de charge vun engem Concours eran. Dee Landschaftsarchitekteconcours, do geet et dann do drëms, fir dräi, véier Ekippe géinteneen untrieden ze loossen, déi da kucken, déi Iddien an hiert Konzept afléissen ze loossen, déi da vun enger Jury bewäert ginn.”

Wie genee an där Jury sëtze wäert sëtzen, ass nach net kloer. Et wäerten awer op alle Fall esouwuel Vertrieder aus Politik a Verwaltung wéi och Experten, zum Beispill aus dem Beräich Urbanismus, sinn. Woubäi d’Experten op alle Fall an der Majoritéit wäerte sinn. Wann een no der Presentatioun mat de Leit geschwat huet, da war de Feedback éischter positiv. Eng Biergerin huet op alle Fall den Androck, datt d’Iddie vun de Leit opgegraff goufen.

“Et ass och sou datt do heiansdo Klengegkeete kommen, wou vläicht d’Architekten, an dowéinst fannen ech de Projet sou flott, d’Architekte gesinn ëmmer dat Grousst, a vläicht sou kleng Detailer, déi de Leit opfalen, déi kommen da bei deene Saachen awer bëssi méi raus. Zum Beispill kleng Plazen oder wou ee seet, hei wär et awer flott, wann hei eng Spillplaz wier fir Kanner oder Mol e puer Saachen, wou Eltere sech kënnen ophalen. Dach, dat ass hei awer rauskomm.”

Ee wichtegen Uspriechpartner fir déi Responsabel vum Projet sinn déi Dikrecher Geschäftsleit. D’Proprietärin vun enger Librairie hofft, datt d’Ëmgestaltung vum Stadkär sech positiv op de Commerce auswierke wäert.

“Fir mech am flottsten um Projet ass, datt Dikrech soll méi schéi ginn, méi begréngt ginn, méi Plaze fir sech opzehalen. Datt d’Leit eng besser Liewensqualitéit hunn, an ech mengen dat wierkt sech dann och op de ganze Rescht an op d’Geschäftswelt aus. Vläicht kommen nach eng Kéier e puer Geschäfter bäi an d’Leit traue sech, ee Buttek opzemaachen an an eng flott Stad ze kommen, wou et flott ze liewen a flott ze schaffen ass.”

Bei de Froen, déi d’Leit no der Presentatioun stelle konnten, waren awer och e puer méi skeptesch Téin ze héieren. Ee wichtege Punkt vum Projet ass nämlech d’Verkéiersberouegung am Stadkär. Viraussetzung dofir ass, datt de geplangte Contournement de proximité fir den Traffic op ass. Nei Dikrech soll am Fong bis spéitstens 2030 realiséiert sinn. Ass dat ee realistesche Planning fir de Contournement? Den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler.

“Ech kann haut net soen, wéini de Contournement do steet. Ech weess just, datt de Wëlle vun der Regierung do ass, well mer dat och a Reunioune mat ausgeschafft hunn. Datt de Wëllen do ass, datt de Contournement sou séier wéi méiglech kënnt. Wéini dat ass, kann ech haut leider net soen. Ça reste à voir.”

Et wier ee scho frou, datt iwwerhaapt mol rëm ee Contournement fir Dikrech virgesinn ass. Ee ganz wichtegen Deel vun Nei Dikrech ass d’Erneierung vun den ënnerierdeschen Infrastrukturen an der Foussgängerzone. Aktuell wier ee mat engem Bureau d’études amgaangen, d’Analys ze maachen. Dës soll Mëtt d’nächst Joer ofgeschloss sinn. Kloer wier op alle Fall, datt de Chantier a Phase realiséiert gëtt. Et géing een zum Beispill aus Récksiicht op de Commerce d’Liberatiounsplaz net am Summer oprappen.

Am Kader vun Nei Dikrech ass dann zum Beispill och geplangt, ee Circuit historique ze amenagéieren, deen déi verschidde kleng Plazen am Stadzentrum besser matenee verbënnt.

Back to Top
CIM LOGO