
Fir d’Hotellerie heescht dat manner kommerziell Clienten a privat Clienten, déi méiglechst flexibel wëlle bleiwen. D’Maxime Gillen war um Dënschdeg zu Mënsbech am Hotel Légère, fir sech e Bild ze maachen.
An do war et um Dag nom laangen Ouschterweekend zimmlech roueg. D’Touriste vum Weekend si fort an déi professionell Clienten nach net do. Allgemeng kommen zanter der Pandemie manner Leit aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg, respektiv si komme manner dacks oder manner laang.
Och d’Gewunnechte vun de private Clienten hu sech verännert. Do läit den Accent an Tëscht vill méi op Flexibilitéit, wéi d’Managerin vum Hotel Alexandra Kieffer erkläert.
“Maintenant on a quand même des conditions beaucoup plus flexibles, donc pour le client c’est bien, parce qu’il est rassuré, après c’est sûr que pour nous c’est quand même plutôt incertain, parce que certains clients peuvent annuler jusqu ‘au jour même de l’arrivée.”
An dovu géifen och ronn frënnef Prozent profitéieren a sech kuerzfristeg ofmellen. Derbäi kënnt ee Probleem, dee quasi all Betrib haut huet, an zwar d‘Hausse vun de Käschten.
“Donc si on prend en considération les trois index de l’année dernière, l’augmentation des coûts de l’énergie et puis aussi donc des charges au niveau de l’achat des matières premières, il est certain qu’un client n’est pas d’accord de payer peut-être 15 à 20 % de plus sur sa facture, que l’on comprend tous d’un point de vue personnel.”
D’Managerin ass houfreg, dass vill vun hire Mataarbechter scho laang derbäi sinn a si se och, déi ganz Kris iwwer, konnt weider halen.
“On a un Turn-over qui est faible, donc cela veut dire que toutes ces charges liées au départ et à l’embauche des salariés, on n‘a pas trop senti cet effet négatif. Cela permet aussi, grâce à un personnel stable, de donner une bonne qualité de service et je pense que c’est ce qui nous permet de fidéliser notre clientèle.”
Fir de Réckgang bei der Reservatiounen, virop vu professionelle Clienten, e bëssen opzefänken, ginn e sëllege Promotiounen an Offere fir privat Clientë lancéiert.