De Planning familial huet dës Woch en neie Projet mam Numm “Sang Pourcent” lancéiert, woubäi “Sang” wéi Blutt op franséisch geschriwwe gëtt, fir op d’Reegel bei de Fraen hinzedeiten. Et geet bei der Initiativ drëms, iwwer d’Précarité menstruelle opzeklären, ze sensibiliséieren a Betraffenen ze hëllefen.
Ëmmer méi Leit, besonnesch Fraen, wieren nämlech engem Aarmutsrisiko ausgesat. A wéinst finanzielle Problemer kéinte sech vill Meedercher a Frae keng sougenannt Produits de première nécessité leeschten, wéi zum Beispill Binden oder Tamponen.

Mat sengem éischte Projet “Sang Vous”, deen zënter 2020 leeft, verdeelt de Planning familial all Joer gratis Binden. Zejoert war de Stock un 80.000 Binde bannent 7 Méint scho fort. Den neie Projet geet méi wäit. Sou ginn elo zum Beispill an de Schoulen, virop bei Meedercher am Alter tëscht 10 a 14 Joer, Troussë mat Hygiènesartikele verdeelt. D’Céline Gérard, d’Directrice vum Planning familial erkläert:
“Do sinn da Binden dran, do sinn Tamponen dran. An do ass och e Bong fir eng Culotte menstruelle oder fir eng Coupe menstruelle, déi d’Meedercher oder d’Frae kënnen hei an de Planning selwer siche kommen. Dëse Projet ‘Sang Pourcent’ dat ass net nëmmen eng Distributioun, mee och eng Informatioun. Well ronderëm d’Menstruatioune ronderëm d’Reegele si vill Mythen a vill Tabuen. Et si vill Meedercher, déi sech schumme par rapport zu der Thematik an dofir war et wichteg Informatioun ze ginn an ze weisen, dass d’Reegelen normal sinn.”
Etüden no wiere 50% vun de Meedercher am Alter vun 13 Joer nach net richteg opgekläert, an dat obwuel se an deem Alter dacks scho selwer d’Reegel hunn. 8 vun 10 Meedercher géifen d’Period och als Stressfacteur am Schoulalldag ugesinn.