280 Persoune betraffNeie Kollektivvertrag bei "H&M" ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den neie Kollektivvertrag enthält ënner anerem den Droit à la déconnexion, weider Congésdeeg an d'Aféiere vun Zäitspuerkonten.
© MICHAL FLUDRA NurPhoto NurPhoto via AFP

Fir déi 280 Leit, déi hei am Land an de Kleeder-, Schung an Accessoires-Buttecker vun der Chaine “H&M” schaffen, huet den OGBL en neie Kollektivvertrag ausgehandelt. Et ass den Accord, deen déi meescht Salariéen couvréiert, déi am Domaine vun der Moud hei am Land schaffen. Ënnert de verbesserten Aarbechtskonditiounen, déi verhandelt goufen, sinn den Droit à la déconnexion, weider Congésdeeg, d’Aféiere vun Zäitspuerkonten, eng Prime de Départ an d’Hausse op 95% vun der Pai, déi bei Sonndesstonnen ausbezuelt gëtt.
Den neie Kollektivvertrag bei H&M deen och fir d’Leit gëllt, déi an de Butteker “Arket” a “Weekday” schaffen, leeft bis 2025.

Et sief och dorun erënnert, datt et virun 2 Joer wéinst den Absencen am Kader vun der Deelzäitaarbecht e soziale Konflikt bei H&M ginn hat. Dëse Probleem gouf mam neien Accord geléist.
D’Originnen vun “H&M"- wat fir Hennes & Mauritz steet- sinn a Schweden; de Grupp ass weltwäit aktiv an zielt iwwer 107.000 Salariéen.

Back to Top
CIM LOGO