"Krees-Lab" ASBL mat BusinessplangNeit Liewe fir de Site vum fréiere "Benu Village"

RTL Lëtzebuerg
De "Benu Village" sollt d'Aushängeschëld fir Esch ginn. Ma trotz Milliounen u Subventiounen ass d'Ökoduerf Faillite gaangen.
Neit Liewe fir de Site vum fréiere “Benu Village”
De “Benu Village“ sollt d‘Aushängeschëld fir Esch ginn. Ma trotz Milliounen u Subventiounen ass d‘Oekoduerf Faillite gaangen.

A wann dat schonn net schlëmm genuch wier, e puer Wochen drop fänken Deeler vun de Gebailechkeete Feier. Hanner Drot muuschten d’Gebaier elo viru sech hin. Ma et gi schonn nei an al Iddie fir de Site vun der Gemeng.

Am Mäerz d’lescht Joer gouf dat éischt Ökoduerf am Land nach feierlech ageweit. Gutt 12 Méint méi spéit steet de Site zu Esch brooch. Am Dezember huet d’BENU ASBL no hirer Grënnung 2017 misse Faillitte erklären. Déi knapp 1 Millioun Euro Scholden hunn dem Ökoduerf d’Genéck gebrach. Direktioun kritt schlechte Management virgeheit. 2 Wochen drop fänkt dann och nach d’Container-Gebai am Hannerhaff Feier.

Christian Weis, Escher Buergermeeschter:

“Et ass e speziellen Ubléck, well een eigentlech eng Plaz huet, déi no um Zentrum ass. Eng Plaz, déi sech ubitt, fir eppes flottes ze realiséieren. Et huet sech déi lescht Joren hei och eppes gedoen. Dofir ass et ëmsou méi schued, wann ee bemol virun engem grousse Koup mat vill Dreck a Reschter vun engem Brand do sëtzt. Eigentlech géif een esou séier ewéi méiglech de Site erëm un d’Goe kréien an en iergendwéi beliewen. Dat géif dem Quartier an och Esch eng Plus-value ginn.”

D’Brandursaach ass och 3 Méint nom Fait nach ëmmer net gekläert. Punkto Liquidatioun no der Faillitte gëtt aktuell gekuckt, ob d’Gemeng fir d’Raumen um gelounten Terrain mat opkënnt. Mat der Konditioun, datt et esou séier ewéi méiglech virugeet. Et bleift nach onkloer, ob alles geraumt a verkaf muss ginn oder verschidde Gebaier kënne bestoe bleiwen.

“Mir wëllen de Site oder den Terrain op d’mannst an deem Esprit halen. Den nächste Schrëtt ass en Appel à candidature fir verschidde Partenairen, déi Loscht hätten eppes, um Site entstoen ze loossen.”

Am Gemengebudget sinn aktuell 300.000 Euro d’Joer un Investissement fir de Site geplangt. Falen déi al Gebaier ewech, gëtt et méi komplizéiert. Decisioune kéinten hei an den nächste Wochen, respektiv Méint falen. Eng Rei ASBL’en, awer och staatlech Träger, hu schonn Interessi gewisen. Ënnert hinnen och d’Krees-Lab ASBL. Déi aus fréieren Aarbechter vum Benu Village besteet.

Valérie Marx, Krees-Lab ASBL a fréier Mataarbechterin am Benu-Restaurant:

“Mir hunn e Businessplang opgestallt, fir eng ganz Pépiniaire ronderëm déi zirkulär Ekonomie opzebauen. Mir haten an der Vergaangenheet 3 verschidden Zorten un Aktivitéiten am Benu Village. Den Upcycling vun Textilien. Upcycling bei der Konstruktioun. An d’Alimentatioun ouni Decheten. Dës Initiative kéinten an der Zukunft bestoe bleiwen. Well d’Grënner vun der neier ASBL heiranner Erfarung hunn. Mee mir wëllen awer Formatiounen ubidden an Aktivitéite fir de Quartier ubidden, déi d’Leit zesummebréngen.”

Zanter der Fermeture vum Benu Village wier net opgehale gi mat schaffen, mee probéiert, nei Pisten ze goen. Déi nei ASBL huet iwwregens keng Connectioun zur aler Direktioun. Wéi et zu Esch virugeet, kéint sech also nach virun der Summervakanz decidéieren.

Back to Top
CIM LOGO