
Dorënner ass dann och eng soi-disant Géige-Petitioun zu der vill-debattéierter Petitioun iwwert den Ausschloss vun LGBTQ-Sujeten aus de Stonnepläng vu mannerjärege Schüler, déi antëscht vun iwwer 8.600 Leit ënnerschriwwe gouf. An der Begrënnung vun der Géige-Petitioun heescht et, dass d’Sujete sollte méi thematiséiert ginn. Dat wier am Sënn vun eise fundamentale Valeuren a vum Mateneen.
Aner Petitioune verlaangen dann, dass Kanner, deenen hir Eltere Vollzäit schaffen, Prioritéit fir Plazen an enger Maison relais kréien, dass een Elterendeel säi Congé parental un deen anere soll kënne weiderginn oder och, dass den Asaz vu Maschinne fir d’Gaarden-Aarbecht a bewunnte Gebidder soll limitéiert ginn.
Déi komplett Lëscht vun de Petitioune fannt Dir op Petitiounen.lu