No parlamentarescher Fro vun der LSAPNet un der Regierung, fir Aussoe vum Poopst ze kommentéieren

RTL Lëtzebuerg
Konkret gouf d'Fro am Kader vun der Poopst-Visitt an der Belsch gestallt.
© AFP

Et wier net un der Regierung fir Aussoen ze kommentéieren, déi de Poopst am Kader vu senger Visitt an der Belsch gemaach huet, dat äntweren de Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

Datt de Poopst François am Kader vu senger Rees Enn September an der Belsch Avortementen “Mord” genannt hat an dem Kinnek Baudouin nach emol felicitéiert, datt e refuséiert hat, dëst “mäerderescht Gesetz” ze ënnerschreiwen, war vum belsche Premier Alexander de Croo als inakzeptabel Aussoen denoncéiert ginn. De belsche Regierungschef huet och Respekt fir den Dokteren hir Aarbecht ageklot.

De Chef vun der kathoulescher Kierch hat gemengt, Dokteren, déi eng Ofdreiwung maachen, wieren “Optragsmäerder”. Och dem Poopst François seng patriarchal Duerstellung vun der Fra op der Uni zu Louvain-la-Neuve gouf vum belsche Premier kritiséiert. Dës Haltung steet duerchaus am Kontrast zum Empfang vum Poopst François den Dag virdrun hei am Land, wou vun offizieller Säit, och der Regierung, op all Form vu Kritik um Poopst an dem Vatikan verzicht gouf.

An hirer Äntwert ginn déi zwee Ministere Frieden a Bettel dann och net drop an, ob si géintiwwer dem Vatikan a bilaterale Reuniounen op d’Recht op en Avortement insistéiere géifen. De Luc Frieden an de Xavier Bettel erënnere just un déi aktuell Gesetzgebung an de Koalitiounsaccord, datt d’Regierung déi obligatoresch Reflexiounsfrist vun dräi Deeg tëscht der Consultatioun an dem Akt vun der IGV ofschafe wëll.

Back to Top
CIM LOGO