Chamber-SantéskommissiounNom Etat de crise kéinten eng Rei Reegele fir e weidere Mount gëllen

Pierre Weimerskirch
Déi zwee Covid-Gesetzer goufen e Freideg an der Chamber-Santéskommissioun debattéiert.
Nom Etat de crise kéinten eng Rei Reegele weider gëllen
Déi zwee Covid-Gesetzer goufen e Freideg an der Chamber-Santéskommissioun debattéiert.

Covid-Gesetzer / Reportage François Aulner

Et leeft dorobber eraus, datt nom Etat de crise, soubal d’Gesetzer gestëmmt wieren, provisoresch fir ee Mount, nach ëmmer eng Rei Reegele gëllen.

Zur Diskussioun steet elo nach, ob ee wäert nach ëmmer mussen 2 Meter physesch Distanz zu eneen halen oder ob déi Distanz op 1,5 Meter reduzéiert gëtt. Donieft ass d’Chamberkommissioun der Meenung, datt d’Spillplazen erëm sollen dierfen opgoen an ënner Ëmstänn och Sport an de Kompetitioune soll rëm kënnen ufänken. Ee Passage, deen d’Deplacementer mam Fliger couvréiere soll, wäert iwwerdeems ewechfalen, well d’Airlinen hir eege Sécherheetsprotokoller schonn hunn.

No der Sitzung vun der Chamberkommissioun gouf een e Freideg am spéide Mëtte gewuer, datt wärend der ganzer Corona-Kris 2 Persounen zwangshospitaliséiert goufen. Iwwerdeems et Bedenke gëtt, well an de Covid-Gesetzer steet, datt d’Direction de la santé ka presuméiert, infizéiert Persoune forcéieren, an d’Spidol ze kommen, huet de President vun der Chamberkommissioun an LSAP-Députéierten Mars Di Barolomeo betount, datt d’Direction de la santé déi Méiglechkeet schonn duerch aner Gesetzer hat. Donieft géing et hei och eng aner Formulatioun ginn. Als héije Risikofall kënne Leit ugesi sinn, déi op d’mannst 15 Minutten, ouni Mask, ouni Schutz mat enger Persoun mam Covid-19 a Kontakt komm sinn.

D’Covid-Gesetzer wieren awer am Géigesaz zum Etat de Crise eng ganz aner Philosophie, sou de Mars Di Barolomeo: amplaz ze bestrofen, géing een elo op déi eege Verantwortung vun de Leit setzen.

Back to Top
CIM LOGO