
Dëst gouf op enger weiderer Generalversammlung vun der ASBL e Freideg decidéiert. No uerge Reprochë géint seng Persoun war jo ë.a. am Februar den Direkter François Georges entlooss ginn, dee sengersäits souwuel dem Verwaltungsrot wéi och dem deemolege President Norbert Konter Interessekonflikter a Gouvernance-Probleemer reprochéiert hat.
Lo gouf sech bei ProActif restrukturéiert an de Verwaltungsrot vu soss 11 op nëmmen nach 4 benevole Membere reduzéiert: no 13 Joer hält dann och den Norbert Conter als President op, ee Posten dee vun der Duechter Christine Conter iwwerholl gëtt.
Mam LCGB-President Patrick Dury hält och de Vize-President op, dee sengersäits duerch de Christophe Knebeler op deem Posten ersat gëtt. Wéi et op RTL-Nofro geheescht huet, soll mat dësem Schrëtt och e Generatiounswiessel bei ProActif agelaut ginn, eng Struktur, déi eng 600 Leit zielt, dorënner eng knapp 500 Beneficiairen. Mam Ex-Direkter ass een iwwerdeem weider um Aarbechtsgeriicht.
Soss nach am neigewielte Verwaltungsrot sinn als Sekretär de Georges Conter an den Affekot Jean-Marie Bauler. Net méi am Conseil d’Administratioun vertrueden ass den Direkter, dee soss de facto Member war, mee och d’Buergermeeschtere Michel Wolter a Marion Zovil, grad wéi d’Ex-CSV-Deputéiert Martine Mergen.
Nom Depart vum François Georges gëtt Pro-Actif vun enger Direktiounsekipp vun dräi Leit geleet.