Direkter bei ProActif entloossOb dat alles sou korrekt ofgelaf ass, soll elo eng Riichterin decidéieren

Monique Kater
En Donneschdeg stounge sech béid Parteien, de François Georges a ProActif viru Geriicht géintiwwer. Eng Decisioun soll de 4. Abrëll geholl ginn.
D'Affaire ProActif war haut virum Référé
D’Riichterin soll decidéieren ob d’Entloosung vum Direkter Francois Georges, effektiv e Licenciement war.

Zënter dem 5. Februar* weess de François Georges, dass hien net méi Direkter vu ProActif ass. Rieds geet zënterhier vun aggressivem Verhalen, déi eng Säit beschëllegt déi aner an um Donneschdeg hate béid Parteie Rendez-vous virum Référé, engem “Eilverfahren”, wou déi zoustänneg Riichterin soll decidéieren, ob de Licenciement vum Direkter duerch de President, effektiv e Licenciement ass. Neen, seet nämlech den Affekot vum Concernéierten, deen en Donneschdeg de Moien op déi sëllege Feeler an der Form an am Fong vun der Saach opmierksam gemaach huet.

De Maître Adam hat e Réferé gefrot, e sougenannt “Eilverfahren”, an deem d’Geriicht sech en Donneschdeg de Moien, eng éischte Kéier mat där Kënnegung ausernee gesat huet. Déi ass vum hallwen Abrëll un a Kraaft, also a gutt 14 Deeg, an deen Ament misst den Ex-Direkter sech op der ADEM presentéiere fir Chômage ze kréien. Gleeft een dem François Georges a sengem Affekot Maître Romain Adam, muss hien dat net – well dat Licenciement nämlech guer keent wier, sou hiert Argument, schonn eleng, well et ouni den Accord vum Verwaltungsrot geschitt wier. Dofir wier dat Ganzt eng reegelrecht Katastroph, souwuel an der Form wéi am Fong. Dofir stéinge si elo och virun der Riichterin. An dofir sollt d’Madamm Presidentin dës Kënnegung als net valabel unerkennen.

Weder d’Riichterin, nach de Référé wieren hei zoustänneg, kontert de Maître Lehnen, Affekot vu ProActif. An dëser Affär géif et keen “trouble manifestement illicite”, hei wier näischt schwaarz-wäiss, mee et misst een op de Fong vun der Saach goen an dofir wier de Reféré déi absolut falsch Plaz. Et wier och net eleng de President vu Proactif gewiescht, deen d’Decisioun vun der Kënnegung geholl hätt – de Maître Bauler, Conseilsmember, stéing fir déi zweet Ënnerschrëft. Deen hat de Concernéierte schrëftlech iwwer d’Licenciement informéiert.

Am Resumé: hei wier sech u keng Reegele gehale ginn, vu bonne gouvernance keng Spuer an et géif guer kee Licenciement, seet déi eng Säit. Alles wier korrekt gemaach ginn, d’Kënnegung stéing a well de Juge de référé keng Enquête kéint maachen, wier dëst Geriicht net kompetent.

Eng Decisioun muss trotzdeem geholl ginn an dat ass de 4. Abrëll.

*An enger éischter Versioun hate mer 5. Januar do stoen.

Weder Vott nach Stellungnam vum Concernéierten: ProActif-Verwaltungsrot steet net integral hannert der Decisioun vum President (17.2.24)

ProActif SIS S.à.r.l informéiert d’Press de 16. Februar mat engem Communiqué iwwer d’Licenciement vum Direkter François Georges.

Back to Top
CIM LOGO