D’Reserv vun der CNS geet liicht erof, ma ass nach ëmmer duebel esou héich, wéi déi ënnescht gesetzlech Limitt vun 10 Prozent. Aktuell sinn nach 861,6 Milliounen Euro an der Keess.
Fir dëst Joer gëtt awer mat engem weideren Defizit vun iwwer 40 Millioune gerechent, esou datt d’Reserven, den Estimatiounen no um Enn vun dësem Joer bei ronn 820 Milliounen Euro dierfte leien. Déi Zuele goufen e Mëttwoch op der Quadripartite zu Munneref genannt.
En Aarbechtsgrupp, dee virun engem Joer geschafe gouf, ass domadder beoptraagt, déi finanziell Situatioun z’analyséieren a Pisten ze proposéieren, déi et erlaabt, erëm e finanziellen Equiliber hierzestellen.
Wärend der Pandemie huet d’Gesondheetskeess verschidde Mesuren am Zesummenhang mat Covid-19 finanzéiert, zum Beispill de Congé pour raisons familiales élargie. Déi Käschten huet de Staat rembourséiert. Et war mat 386 Milliounen Euro gerechent ginn, verdeelt op 4 Budgetsexercicer. (200 Millioune fir 2020 an 62 Milliounen an de Joren 2021, 2022 an 2023.)
Dat ass awer net duergaangen an dofir huet Enn d’lescht Joer e weidert Spezialgesetz misste gestëmmt ginn, mat deem nach eng Kéier 37,5 Milliounen Euro bäikomm sinn. Aktuell feelt elo nach eng Millioun, déi Sue sollen iwwert e weidert Spezialgesetz finanzéiert ginn.
LINK: Schreiwes vum Ministère de la Santé an dem Ministère de la Sécurité sociale