CLAEOch Associatioune solle geziilt ënnerstëtzt ginn

RTL Lëtzebuerg
Bal ee Véierel vun den Associatiounen am Land fäert aktuell ëm hir Existenz.

D'Associatioune solle geziilt vun der Regierung ënnert d'Äerm gegraff kréien, dat schreift de CLAE, de Liaisounscomité vun den Auslännerassociatiounen an engem Communiqué. An de leschte Woche wier ee vu ville Veräiner kontaktéiert ginn, déi Schwieregkeete wéinst de Konsequenze vum Lockdown hätten. An enger Enquête, déi de CLAE duerchgefouert huet, wier erauskomm, datt 90 Prozent vun den Associatiounen hir Aktivitéite gestoppt respektiv reduzéiert hunn.

55 Prozent vun de Befroten hate finanziell Schwieregkeeten, fir hir Fixkäschten ze decken. Bal ee Véierel fäert ëm d'Existenz vun der Associatioun.

PDF: D'Resultat vun der Enquête

Back to Top
CIM LOGO