Stammbam-Sich op LuxrootsOch een US-Massemäerder huet Lëtzebuerger Originnen

Jean-Marc Sturm
Jeannot Ries
Ënnert amerikanesche Schwéierverbriecher mat Lien op Lëtzebuerg fënnt een ee Mann, deen als "Lipstick Killer" bekannt gouf.
Mat Luxroots kann ee sech e Stammbam zesummesichen.
Et handelt sech ëm eng Initiative, déi Amateure virun ronn 20 Joer lancéiert hunn.

Et war eng vun den Nouvellë vun der Woch. Den demokratesche Kandidat, fir un der Säit vun der Kamala Harris amerikanesche Vizepresident ze ginn, huet Lëtzebuerger Originnen. Fir genee ze sinn zu 12,5%. Den Ururgrousspapp vum Tim Walz war zu Kielen opgewuess a méi spéit an d’USA ausgewandert.

Eng Nouvelle, déi schonn de Virwëtz këddele kann, fir méi iwwert den eegene Stammbam erauszefannen. Do gëtt et heiheem eng ganz praktesch Hëllef. An zwar eng ASBL mat virun allem hirem Internet-Site luxroots.org. Do stinn d’Chancë gutt, fir bannent Sekonnen d’Originne vu senger Famill ze fannen.

Et handelt sech ëm eng Initiative, déi Amateure virun ronn 20 Joer lancéiert hunn. Et hat mam Clierfer Kanton ugefaangen. An tëscht couvréiert een déi ganz Groussregioun.

Haaptsourcë sinn, nach meeschtens handgeschriwwen, op al-goteschem Däitsch, Dokumenter aus de Paarregister oder Donnéeën aus den Archive vu Gemengen, fir d’Jore virun 1923. Dono spillen d’Reegele vum Dateschutz, da muss op zum Beispill Annoncë bei Gebuerten oder Doudesfäll, respektiv privat Dokumenter zeréckgegraff ginn. D’Sourcë reechen alt bis 1600 an e puer Zerquëtschter.

Georges Eicher
Georges Eicher
© Jeannot Ries / RTL

Fir Luxroots sinn 80 Fräiwëlleger aktiv. Et huet ee via ee Joresabonnement vun 22 Euro Accès um Site. Et gi knapp 2.000 Abonnenten, dorënner reng 300 Leit aus den USA, op der Sich no hiren Originnen. An den Tim Walz ass mat sengem 12,5% Lëtzebuerger Undeel an de States keng Exceptioun, esou de Georges Eicher, deen de Projet Luxroots gegrënnt huet. Rieds geet jee no Source vu bis zu 70.000 Lëtzebuerger, déi sech op de Wee iwwert den Atlantik gemaach hunn

“also haut, aus deene soi-disant 70.000 sinn der e puer Milliounen haut. D’Populatioun, déi u Lëtzebuerger Originnen intresséiert ass, déi ass vill méi grouss an Amerika wéi mir der nach hei zu Lëtzebuerg hunn. Nieft ganz villen amerikaneschen Abonenten hu mir och ganz vill Fransousen, Belsch a vun iwwerall..aus Südafrika, Australien..Eis Abonnée komme vun iwwerall wou Lëtzebuerger sech verdréckt hunn...”

Ënnert den US-Bierger mat Lëtzebuerger Originnen fënnt ee wéi gewosst och de fréiere President vum Representantenhaus Dennis Hastert. Déi Seelschaft gouf awer wéinst enger Affär mat Lien zu Pedophilie séier nees gekappt.

Ënnert amerikanesche Schwéierverbriecher mat Lien op Lëtzebuerg fënnt een dann ee Mann, deen als “Lipstick Killer” bekannt gouf, well hien nom Mord mam Lëppestëft vu sengen Affer Messagen hannerlooss hat vum Genre " ëm Himmelswëllen, fänkt mech, soss muss ech weider morden....” . Hien hat de Mord un 3 Fraen zouginn an ass no 65 Joer am Prisong gestuerwen. Dem “Lipstick Killer” säi Bop war vu Näertrech bei Wooltz.

Back to Top
CIM LOGO