Wéi d’Waasserverwaltung e Sonndeg um Mëtteg nach matgedeelt hat, war dat ganzt Land, ofgesi vun der Musel, an d’Vigilance Orange fir Héichwaasser gesat ginn. E Méindeg huet sech dat allerdéngs geännert. Wärend am Norde vum Land an och am Süden keng “Vigilance Orange Innondations” méi besteet, goufen d’Uertschaften op der Musel an de Beräich vun der “Cote de vigilance jaune” gesat. Och dës konnt am Laf vun en Dënschdeg de Moien opgehuewe ginn.
Am Norde war e Méindeg de Moien “d’Cote de vigilance orange” zu Dikrech iwwerschratt ginn. Verschidde Peegele waren nach liicht geklommen, sinn am Laf vum Dag awer nees erofgaangen. Fir de Süde gouf “d’Cote de vigilance orange” op bal all de Punkten erreecht, zu Ettelbréck war een och eng ganz kuerz Zäit iwwer “rout” geklommen. D’Waasserstänn un der Uelzecht sinn awer am Laf vum Moien nees gefall, sou datt mëttlerweil keng Gefor méi fir Héichwaasser besteet.
Am spéide Sonndegnomëtteg hat dann och d’Cellule fir d’Bewäertung vum Wieder-Risiko (CERI) kommunizéiert. Et hat een decidéiert, d’Warnstuf fir Iwwerschwemmungen an de Regioune laanscht d’Uelzecht op Orange eropzesetzen. Betraff waren ënner anerem d’Uertschaften Hesper, Miersch an Ettelbréck grad ewéi och de Stater Quartier Pafendall. D’Bierger ware gebieden, d’Situatioun am A ze behalen a sech op inondations.lu, meteloux.lu an infocrise.lu grad ewéi och an de Medien ze informéieren.
Op verschiddene Plaze goufen d’Leit gebieden, hir Autoen ëmzeparken. Sou zum Beispill zu Ettelbréck, wou de Parking Däich, wéi och de Souterrain vum Parkhaus, preventiv zougemaach goufen. Wie säin Auto do stoen huet, soll deen am beschten forthuelen a virun allem net iwwer Nuecht do ze parken. Och d’Gemeng Mäertert huet eng Warnung erausginn, nodeems zu Waasserbëlleg d’Rue de la Sûre an d’Esplanade de la Moselle hu misse gespaart ginn. Och hei sollt ee säi Won net stoe loossen.
Gewarnt gëtt dann elo, wéinst staarkem Wand. Den nationale Wiederdéngscht huet fir e Méindeg de Mëtteg eng Warnung erausginn a schwätzt vun engem “Danger potentiel”. Tëscht 14 an 19 Auer wieren tëscht 70 an 90 Stonnekilometer Wandvitessen dran, alt och mol eenzel Wandstéiss, déi an den dräistellege Beräich kéinte goen, heescht et vu Meteolux. Et ass dann och de Rappell, bei esou Konditiounen am beschten aus de Parken a Bëscher erauszebleiwen. Op enger Partie Plazen am Land goufen an de leschte Stonne Beem gemellt, déi ëmgefall sinn.

Dës Warnung kënnt nëmmen een Dag no enger anerer Wiederwarnung. Schonn an der Nuecht op e Sonndeg gouf et eng Vigilance Orange vu Meteolux wéinst Schnéi an Äis. Dës Warnung gouf e Sonndeg de Moien nees opgehuewen. Trotzdeem waren d’Stroossen an d’Trottoiren am Laf vum Sonndeg de Moie plazeweis nach zimmlech glat. De CGDIS hat dann och eng ganz Rei Accidenter op eise Stroosse gemellt.
Um Findel goufen et e Sonndeg de Moie fréi wéinst dem Wieder eng Rëtsch Retarden, zum Beispill fir op Porto oder op Gran Canaria. Déi Maschinne sinn 1 Stonn respektiv 1,5 Stonne méi spéit gestart. Gedold hunn och d’Passagéier fir op Frankfurt e Sonndeg de Moie misse matbréngen, hei gouf et e Retard vun 2,5 Stonnen.
E Sonndeg tëschent 3 an 8 Auer moies ware bis zu 6 Liter op de Metercarré Äisreen iwwert dem Grand Duché néiergaangen an huet domat fir spigelglat Stroossen an Trëttoire gesuergt. Meteolux hat fir d’Zäit tëscht Hallefnuecht a 7 Auer moies eng Alerte fir dat ganzt Land erausginn.
E Samschdeg am Nomëtteg war dowéinst d’Cellule fir d’Bewäertung vum Wieder-Risiko (CERI) beieneekomm. An engem Schreiwes goufen d’Bierger gebieden, virsiichteg ze sinn, wa si mam Auto mussen eraus.
Fir déi nächst Deeg soll et nees méi kal ginn a bis en Dënschdeg bleift et wiesselhaft an onbestänneg. D’Temperature wäerten dobäi net iwwer 4 Grad klammen. Souguer Schnéi a Schnéiree si méiglech.