Och zu Lëtzebuerg leiden d’Bëscher ënner den héijen Temperaturen an dem wéinege Reen. Zwar goufen et keng Bëschbränn an deem Ausmooss, wéi et zum Beispill bei eisen Noperen an Däitschland oder Frankräich de Fall ass, an awer sinn éischt Folge visibel. Des ass och dem Mouvement Ecologique an der Forstverwaltung opgefall. Béid si sech eens, den Zoustand vun de Bëscher huet sech verschlechtert.
Dréche Periode sinn zwar net nei, ma an de leschte Jore komme se ëmmer méi dacks vir. A se hannerloossen hir Spueren, wéi de Roger Schauls vum Mouvement Ecologique erkläert. Den Zoustand vum Bësch ass einfach katastrophal. D’Ziffere soen et och aus, den Inventaire, dee am Fréijoer gemaach ginn ass, seet, dass do nach eng Routbuch op 100 gesond war. Dat ass absolut schrecklech. Bei deenen anere Bamaarten ass et och net vill besser. D’Fiichten zum Beispill, do geet een dovun aus, datt innerhalb vun de nächste 5 bis 6 Joer déi Aart total hei verschwonne wäert sinn.
Datt sech den Zoustand vun de Bëscher verschlechtert huet, dat huet och d’Forstverwaltung festgestallt. Si ass den Ament an de Bëscher ënnerwee, fir de Gesondheetszoustand vun de Beem ze kontrolléieren, an do falen hinnen och Schied op, déi duerch d’Dréchent ausgeléist gi sinn, esou Martine Neuberg Chef de Service vum Service des Forêts. De Stress gesäit ee schonn, da rulle sech d’Blieder zesummen. Dat ass dat Éischt, wat ee gesäit. Wann et méi wäit geet, da fänke se u sech ze verfierwen. Déi eeler Beem maachen dat haaptsächlech an der Kroun, dat ass e Schutzmechanismus, datt se Blieder mussen ofgeheien, fir datt se net méi sou vill Photosynthesis musse maachen. Da geheie se hir Blieder of an da gesäit een eben Äscht, déi keng Blieder méi hunn.
Datt d’Bëscher gestresst sinn, dat wier awer net just op dëse Summer zréckzeféieren. Vill méi wier et de Resultat vu ville waarmen an dréchene Summeren zesummen, do si sech béid Organisatiounen eeneg.
Wann den Ökosystem Bësch awer net méi richteg funktionéiert, dann huet dat och Konsequenze fir de Mënsch, erkläert de Roger Schauls: D’Folge si gravéierend. Se si sou schrecklech, datt ech mer se net wëll virstellen. Mam Bësch verléiere mer eng Klimaanlag. De Bësch bréngt et fäerdeg, mat deenen enorme Quantitéite vu Waasser, déi e verdonst, bréngt en et fäerdeg, fir de Klima massiv ofzekillen. Kee Bësch heescht eng weider Erwiermung, also eng weider Zounam vun der Rapiditéit vun der Erwiermung. A mir verléieren an deem Moment ee Partner an eiser Hëllef géint de Klimawandel.
Der Forstverwaltung no wäerten d’Hëtzt an d’Dréchent de Bësch an de nächste Jore veränneren, seet d’Martine Neuberg. D’Bild vum Bësch wäert sech an de nächste Jore sécherlech och änneren, well einfach Aarten et net méi sou gutt wäerte packen, fir et ze iwwerliewen. Et muss ee sech awer lo net virstellen, datt alleguerten d’Exemplairë vun de Beem géifen ewechstierwen. Et sinn ëmmer Beem, déi méi resistent sinn, sou dass se sécher net ewech stierwen.
D’Forstverwaltung wëll verschidden Zorten heemesch Beem an de Bëscher uplanzen. Wann also eng Bamaart géing ausstierwen, da kéint ee mat enger anerer aushëllefen.