
De Parquet vun Nanterre huet en Donneschdeg confirméiert, datt eng jonk Immobilienagentin, déi 1991 beim Besuch an enger Wunneng vergewaltegt an ëmbruecht gouf, exhuméiert gouf.
D’Béatrice Zavarro, dem Pelicot seng Affekotin, hat d’Exhuméierung ugefrot. Mat engem Resultat vun den Analyse gëtt eréischt an e puer Woche gerechent. Den Dominique Pelicot hat d’Verantwortung fir d’Dot ofgestridden.
Hien hat allerdéngs een Deelgeständnës an engem änleche Fall gemaach, an deem et ëm eng versichte Vergewaltegung vun enger anerer Immobilienagentin am Joer 1999 goung. Nodeems een DNA-Test Beweiser geliwwert hat, huet de Pelicot gestanen, déi jonk Fra ausgedoen ze hunn. Hien hätt si allerdéngs net wëlle vergewaltegen. Den Ermëttler no waren d’Ëmstänn vu béiden Doten änlech: Béid Frae goufe gefesselt, a béide Fäll gouf Äther als Déidungsmëttel benotzt.
Den Dominique Pelicot war am Dezember 2024 an engem Prozess zu Avignion, deen international Welle geschloen huet, zu enger Héchststrof vun 20 Joer Prisong verurteelt ginn. Hien hat gestanen, seng fréier Fra Gisèle bal 10 Joer laang ëmmer nees mat Medikamenter entschlof ze hunn, si vergewaltegt ze hunn a si am Internet och anere Männer fir de Viol ugebueden ze hunn.
Nieft dem Pelicot waren am Prozess 50 Matugeklote schëlleg gesprach an zu Prisongsstrofe vun tëscht 3 bis 15 Joer verurteelt ginn. D’Gisèle Pelicot hat een ëffentleche Prozess gefrot a gëllt zanterhier als Virreiderin fir aner Affer.