Chamber rappelléiertOch Petitiounen dierfen de Logo vun der Chamber net ouni Autorisatioun notzen

RTL Lëtzebuerg
Et ass net erlaabt, ouni Autorisatioun de Logo vun der Chamber ze benotzen.

Dat rappelléiert d’Verwaltung vum Parlament a viséiert domat eng Petitioun, déi aktuell ënnerschriwwe ka ginn a wou de Logo vun der Chamber onerlaabt benotzt gëtt.

Viséiert ass d’Petitioun, déi fuerdert, datt Lëtzebuerg soll Israel sanktionéiere fir seng Politik a Palästina. Dës kann nach bis Enn vum Mount ënnerschriwwe ginn.

Keng Petitioun hätt d’Erlabnis, den offizielle Logo vun der Chamber ze benotzen, heescht et an engem Schreiwes vun der Chamber. Als Erklärung gëtt een, datt d’Petitioun ënnert der eenzeger Responsabilitéit vum Petitionär géif stoen.

Am Chamberbüro wäert e Mëttwoch driwwer diskutéiert ginn, wat ze geschéien huet, wann eng Petitioun onerlaabt de Logo vun der Chamber benotzt.

Reaktioun vu Petitionär

Um Dënschdeg de Moien huet de Petitionär reagéiert, deen de Logo onerlaabterweis benotzt hat. En entschëllegt sech fir de Mëssel a gëtt dozou och e puer Erklärungen.

Link: D’Schreiwes um Site vun der Chamber

PDF: Petitionär reagéiert op Notzung vu Chamber-Logo (04.02.2025)

Back to Top
CIM LOGO