Enkpäss op FluchhäfenOch um Findel deels laang Waardezäite virum Boarding

Loïc Juchem
Fluchhafen am Lockdown, Fligere wochelaang um Buedem a Vakanzendestinatiounen ouni Touristen. Dat gehéiert der Vergaangenheet un.
Och um Findel deels laang Waardezäite virum Boarding
Fluchhafen am Lockdown, Fligere wochelaang um Buedem a Vakanzendestinatiounen ouni Touristen. Dat gehéiert der Vergaangenheet un.

Op den europäesche Fluchhäfe mierkt een heivunner näischt méi. Virun allem an de leschte Woche koum et zu deels chaoteschen Zoustänn. Passagéier hu stonnelaange misse waarden fir anzechecken, respektiv fir duerch d’Sécherheetskontroll ze kommen.

Sou koum et dann och zu Retarde vu Fligeren a Passagéier hunn hire Vol verpasst. Schold heiru wär e Manktem u Buedempersonal. Verschidden Airlines hu souguer Vollen missen annuléieren, well de Fluchhafen den Undrang net gepackt huet. Och zu Lëtzebuerg kënnt et an de leschte Méint ëmmer rëm zu laange Waardezäiten. Och wann d’Situatioun net sou schlëmm ass wéi beispillsweis um Amsterdamer Fluchhafen Schiphol koum et hei och ëmmer rëm zu Situatiounen, déi zu Frust bei de Passagéier gefouert hunn.

Déi Responsabel vu Luxairport soen, dass ee sech heirop och fir de Summer misst astellen. Passagéier kréie geroden, méi wéi zwou Stonne virun hirem Vol um Fluchhafen ze sinn. Dachs ass nämlech och schonns d’Sich no enger Parkplaz komplizéiert.

Grad op verlängerte Weekender an an de Schoulvakanze muss een dann och dermadder rechnen, laang mussen am Fluchhafen unzestoen.

Mir hunn um Mëttwoch den Owend um Fluchhafen nogefrot, firwat d’Situatioun am Moment sou ass.

Back to Top
CIM LOGO