Nieft dem Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes war och de Roby Biwer, President vun “Natur & Ëmwelt” op der Plaz. Eng 196 Länner waren op der COP vertrueden. Dës Konferenz gëtt all zwee Joer organiséiert.
Dem WWF (World Wildlife Fund) no wären an de leschte 50 Joer eng 73% vun den Déierenaarten op der Äerd verschwonnen. Och hei zu Lëtzebuerg wär d’Insektestierwen onverkennbar. Déieren, déi an der Liewenskette vun aneren Déiere verluer ginn. Doduerch kéint een och e Réckgang u Villercher verzeechnen. E Probleem fir d’Biodiversitéit wär och déi vill Chimie, déi reegelméisseg an de Lëtzebuerger Gewässer lant.
Bis 2100 zeechnen d’Wëssenschaftler en dramatescht Bild vun der Natur wann net deemnächst reagéiert gëtt.
Déi nächst COP ass 2026 an Armenien.