Net nëmmen an HollandOch zu Lëtzebuerg reagéiert een op héich Stéckstoff-Emissiounen

RTL Lëtzebuerg
Wat den Ammoniak betrëfft, ass d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg d'Haaptquell fir déi héich Emissiounen. Dofir goufen och hei nei Mesuren ausgeschafft.
© AFP

Nei Moossname vun hollännescher Regierung hate fir Protester gesuergt

An Holland goufe rezent nei Moossname vun der Regierung diskutéiert, fir déi héich Stéckstoff-Emissiounen an de Grëff ze kréien. An deem Kader gëtt vun der Landwirtschaft gefuerdert, wéi ëmweltfrëndlech ze schaffen an hiren Déierebestand ze reduzéieren. An Holland gëtt et nämlech ganz vill Véizuucht an dat verursaacht héich Ammoniak-Emissiounen. Den Ammoniak ass eng chemesch Verbindung aus Stéckstoff a Waasserstoff, déi duerch Hannerloossenschafte vun den Déieren entsteet. Sou entsteet e groussen Deel vun den Ammoniak-Gasen duerch d’Ställ, d’Lagerung vum Piff an d’Dünge mat Piff.

Vill hollännesch Bauere sinn dunn op d’Strooss gaangen, well si Angscht hunn, hire Betrib komplett mussen zouzemaachen, wa si manner Déieren halen dierfen an doduerch och manner Sue verdéngen.

Am Kader vun dëse Protester huet den hollänneschen ëffentlech-rechtleche Rundfunk NOS dësen Tableau publizéiert.

Hei gesäit ee kloer, dass d’Stéckstoff-Emissiounen an Holland immens héich sinn. Ma Lëtzebuerg ass awer direkt hannendrun op der 2. Plaz.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

De Landwirtschaftsministère huet eis op Nofro hin confirméiert, dass d’Stéckstoff-Emissiounen zu Lëtzebuerg relativ héich sinn. D’Landwirtschaft wier hei just fir een Deel responsabel an dat ebe fir den héijen Ausstouss vun Ammoniak. Dëse kënnt zu Lëtzebuerg nämlech zu méi wéi 90 Prozent aus der Landwirtschaft.

“D’Ursaach, firwat mir héich Ammoniak-Emissiounen an der Landwirtschaft hunn, ass, well Lëtzebuerg duerch seng Natur en typesche Grénglandstanduert ass. Zu Lëtzebuerg si ronn d’Hallschent vun eisen nationale Fläche landwirtschaftlech genotzte Flächen. An dovunner sinn iwwer 50 Prozent Weeden a Wisen. Déi sinn ideal fir d’Déierenhaltung, virun allem Kéi (Mëllech a Fleeschproduktioun). Doduerch huet Lëtzebuerg héich Ammoniak-Emissiounen”, sou d’Explikatioune vum Landwirtschaftsministère. Et wier ee sech dësem Fait awer bewosst.

Aktuell a nei Moossname fir eng méi ëmweltfrëndlech Lëtzebuerger Landwirtschaft

An Kader vun der EU-NEC-Direktive fir d’Reduktioun vun den Emissiounen huet Lëtzebuerg sech ënnert anerem als Zil gesat, d’Emissiounen aus der Landwirtschaft bis 2030 ëm 22 Prozent ze reduzéieren am Verglach zu de Wäerter vun 2005. Do lafen do och schonn eng Partie Mesuren an der Landwirtschaft. Sou gi Schleppschläich, Schleppschung a Piff-Injektore finanziell gefërdert.

Duerch de Schleppschlauch kënnt de Piff direkt um Buedem un.
Duerch de Schleppschlauch kënnt de Piff direkt um Buedem un.
© Wolfgang Ehrecke (Pixabay)

Heibäi kënnt de Piff direkt un de Buedem an de Stéckstoff ka besser vun dësem opgeholl ginn. Dëst reduzéiert dann d’Stéckstoff-Emissiounen an der Loft. Dës weidere bitt de Ministère de Baueren och eng Berodung un a Punkto Fidderung an Herdemanagement. Mä och iwwert d’Stéckstoff-Düngung gëtt informéiert.

Vue dass Lëtzebuerg de Reduktiounstaux fir 2020 awer net areecht huet, deen ee sech als Zil gesat hat, gouf decidéiert, weider Mesurë fir d’Landwirtschaft auszeschaffe respektiv déi aktuell Moossnamen unzepassen. D’lescht Woch goufen dës du verëffentlecht.

Vum 31. Dezember 2023 u gëtt an der Landwirtschaft dann de sougenannte Prallteller komplett verbueden. Dat ass déi Manéier e Feld ze düngen, wou de Piff vun engem klenge Stéck, wat rotéiert, iwwert d’Feld gehäit gëtt. Weider gi vun 2024 un keng Schleppschläich méi gefërdert, mä dofir aner méi ëmweltfrëndlech Methoden. Vun Enn 2024 un ass et dann och Flicht, Piffcontaineren a Lagunen ofzedecken. Nei Lagunen dierfen net méi gebaut ginn.

Esou wëll een d’Emissioune weider reduzéieren an d’Bauere mat finanzielle Fërderungen iwwerzeegen, méi ëmweltfrëndlech ze schaffen.

Net nëmmen héich Emissiounen duerch d’Landwirtschaft

Vill méi Stéckstoff-Emissioune entstinn duerch den alldeegleche Verkéier op der Strooss. Sou goufen 2019 zu Lëtzebuerg bal 20.000 Kilotonne Stéckstoffoxiden ausgestouss. Dat sinn d’Ofgasen, déi haaptsächlech duerch de Stroosseverkéier produzéiert ginn. Op der 2. Plaz sinn da flüchteg organesch Verbindungen (COVNM). Dozou gehéiert zum Beispill de Methan, deen deels aus de Landwirtschaft kënnt. Ma och eng Partie aner Verbindungen, déi an der Natur entstinn oder duerch d’Industrie, falen an dës Kategorie. Haaptsächlech d’Notze vu Léisungsmëttel an der Industrie verursaachen déi héich Emissioune vun flüchtegen organesche Verbindungen.

Wéi eng Stéckstoff-Emissiounen duerch wat genee entstinn a wéi héich d’Wäerter sinn, kann ee beim Ëmweltministère noliesen.

Back to Top
CIM LOGO