Allocations familialesOGBL kritiséiert neie Gesetzesprojet iwwer Kannergeld

RTL Lëtzebuerg
De Familljeministère géing mam neie Gesetzesprojet d'Frontaliere weider diskriminéieren, esou d'Kritik vum OGBL en Dënschdeg an engem Communiqué.
© RTL-Archiv

Amplaz vum Frontalier ze verlaangen, fir d'Kand vu sengem Partner opzekommen, fir d'Urecht op d'Kannergeld ze kréien, géing d'Familljeministesch sech elo op e Gesetz vun 1959 beruffen, fir ze verlaangen, datt e Frontalier muss e „lien de filiation" mam Kand hunn, fir Kannergeld ze kréien. Dem OGBL no géing dat weisen, datt budgetär Iwwerleeungen der Regierung méi wichteg sinn ewéi eng progressiv gesellschaftlech Politik.

PDF: Liest hei de ganze Communiqué

Back to Top
CIM LOGO