Iwwerfall mat Hëllef vu GewaltOnbekannten Täter klaut Fra hir Posch a blesséiert se dobäi

RTL Lëtzebuerg
Géint Mëtternuecht gouf eng Fra an der Rue Jean-Baptiste Gellé zu Bouneweg iwwerfall. De Mann huet d'Fra attackéiert a wollt hir Posch mat Gewalt klauen.

Dem Täter ass et dobäi gelongen, den Handy aus der Posch ze klauen an dono a Richtung Place Leon XIII fortzelafen. D’Fra gouf bei der Attack blesséiert a koum fir eng Behandlung an d’Spidol.

Den Täter soll tëscht 20 an 30 Joer al sinn, hat donkel Hoer an eng sportlech Statur. Dobäi kënnt, dass de Mann ronn 1,80m grouss ass. Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO