ZeienopruffOnbekannter fuere mat Auto iwwer de Futtballterrain op der Zowaasch

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, wier an der Nuecht op e Freideg en Automobilist sech dohi mat sengem Gefier defouléiere gewiescht. Dobäi gouf den Terrain uerg beschiedegt.
© Ville de Differdange

Op enger Foto vun der Gemeng gesäit een déif Autosspueren an der Wiss. D’Gemeng Déifferdeng hätt scho Plainte bei der Police gemaach. A si huet selwer en Zeienopruff op hirem Site an op de soziale Reseaue lancéiert. Wien eppes gesinn huet, soll sech beim Sport-Departement vun der Gemeng mellen oder awer déi Informatiounen direkt mat der Police deelen. Dat schreift d’Gemeng Déifferdeng an der Kommunikatioun.

Back to Top
CIM LOGO