Rapport iwwer RechtsstaatlechkeetDelai, bis datt Geriichtsaffären an d'Sëtzung kommen, huet zougeholl

Roy Grotz
Dem Rapport no schafft d'Justiz zu Lëtzebuerg effikass, mä trotzdeem geet d'Dauer, bis eng Affär viru Geriicht kënnt, weider erop.

Den Delai, bis datt Geriichtsaffären an d'Sëtzung kommen, huet zougeholl, och wann d'Lëtzebuerger Justiz effikass schafft. Dat schreift d'EU-Kommissioun an hirem neiste 7. Rapport iwwert d'Rechtsstaatlechkeet hei am Land, deen dëse Freideg publizéiert gouf. Wa bis en neien Tribunal geschaaft ass, soll dann och d'administrativ Effikassitéit vun der Justiz eropgoen, heescht et weider an deem Rapport.

Wat Lutte géint Korruptioun ugeet, hält d'Kommissioun fest, datt d'Signalementer vun Whistleblower zejoert an d'Luucht gaange wieren. Iwwerdeem géifen d'Diskussiounen iwwert d'Codes de Conduite fir lokale gewielt Politiker undaueren an wieren nach net op en Enn gefouert ginn.

Als Haaptconclusiounen hält d'Kommissioun fest, datt d'Digitaliséierung vun Geriichtsprozedure misst méi séier weidergoen an datt d'Reform zum fräien Zougang zu offiziellen Dokumenter misst schlussendlech finaliséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO