Conference-League-QualifikatiounDéifferdeng no Defaite a Finnland am éischten Tour eliminéiert

Jeff Birsens
Trotz engem Féierungsgol vum Sébastien Thill huet den FC Déifferdeng de Retourmatch a Finnland nach mat 1:3 géint Tampereen Ilves verluer an ass domat eliminéiert.
Am Allersmatch doheem hu sech déi Déifferdenger en 0:0 géint Ilves erkämpft.
© Val Wagner

No engem 0:0 doheem am Allersmatch huet Déifferdeng de Retourmatch en Donneschdeg bei Tampereen Ilves a Finnland mat 1:3 verluer an ass domat schonn no der 1. Qualifikatiounsronn fir d'UEFA Conference League eliminéiert.

FC Ilves - FC Déifferdeng 3:1 (3:1 no Aller- a Retourmatch)

0:1 Thill (45'), 1:1 Raap (57'), 2:1 Kanga (68'), 3:1 Riski (75')

Fir de Lëtzebuerger Vizechampion hat et tëschenzäitlech gutt ausgesinn. Kuerz virun der Paus war et de Sébastien Thill, deen no Viraarbecht vum Elison Rivas op 1:0 stelle konnt. No der Paus ass de Finnen dann awer an der 57. Minutt den 1:1 gelongen. Duerch en Eelefmeter vum Jardell Kanga stoung et da gutt zéng Minutten drop 2:1 fir Ilves. Direkt no deem Gol war et dann zu enger Reiwerei um Terrain komm, wouduerch zwee Déifferdenger an ee vun der Lokalekipp an d'Dusch geschéckt goufen.

Mat just nach 19 Spiller um Terrain an enger Ënnerzuel fir d'Gäscht aus Lëtzebuerg ass et dann an d'Schlussphas gaangen, wou de Roope Riski an der 75. Minutt mam 3:1 den Deckel sou gutt wéi drop maache konnt. Um Score sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren a sou ass déi europäesch Aventure fir den FC Déifferdeng dës Saison schonn no der 1. Qualifikatiounsronn eriwwer.

Zanter 19 Auer spillt nach d'US Munneref de Retourmatch géint a Georgien géint Dinamo Tiflis.

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO