Op engem Parking zu RéimechOnéierleche freet eeleren Här ëm Hëllef a klaut Kreditkaart

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg war eng Patrull um Parking du Port zu Réimech vun engem eeleren Här ugeschwat ginn, dee grad seng Kreditkaart geklaut krut.
© RTL

Wéi de Mann der Police erkläert huet, hätt hie grad ageparkt gehat, wéi e Mann bei säin Auto koum an hien op Franséisch ugeschwat huet. Den Täter hat den eeleren Här gefrot, ob dësen him seng Kreditkaart kéint léien, fir e Parkticket ze huelen, well hien nëmme Boergeld dobäi hätt.

Den Här wollt doropshin dem Mann weisen, datt ee weekends keen Ticket muss huelen an ass mat him bei de Parkautomat getrëppelt. Hei huet hie seng Visa an den Automat gestach, säi Pin aginn a gewisen, datt de Parking de Weekend näischt kascht. Wéi den Här seng Kaart erëm aus dem Automat geholl huet, huet den Täter him dës aus der Hand gerappt an ass geflücht.

Wéi d’Beamten d’Plainte vum Här opgeholl hunn, koum beim Bedreiwer eraus, datt den Déif schonn zwou Transaktioune mat der geklauter Kaart gemaach hat.

Back to Top
CIM LOGO