Opgepasst ArnaqueOnéierleche sammelt falsch Spenden am Numm vu Blannevereenegung
Wéi et vun der Blannevereenegung heescht a wéi d'Police och confirméiert, war am Raum Esch e jonke Mann ënnerwee, dee falsch Spende gesammelt huet.
Verëffentlecht: 19.04.24 15:26, Update: 11.12.25 14:45
Dësen huet sech als Member vun der Vereenegung ausginn, fir Suen ze sammelen. D'Blannevereenegung huet awer matgedeelt, datt si keng Kollekten un der Hausdier maachen.