OpgepasstOnéierlecher notzen de Look vun RTL, fir op Phishing-Säit ze lackelen

RTL Lëtzebuerg
Ëmmer nees kréie mer Messagë vu User geschéckt, datt vun onéierleche Bedreiwer den RTL-Look genotzt gëtt, fir Leit unzeschmieren.

Ganz rezent ass dëst passéiert mam Look vum RTL Infos, also eise franséische Kolleegen. Hei gëtt ee mat enger Ausso iwwert d’SRF-Direktioun an eng Foto vum DJ Bobo op e Site, dee sech “lunewslu.club” nennt, gelackelt. Hei gëtt de probéiert, datt Leit Date vu sech uginn. Dëst soll een awer op kee Fall maachen.

Den DJ Bobo an de Look vun RTL.lu ginn dann och op Facebook genotzt. Dëst Kéier awer mat engem falschen déidlechen Accident vum Museker. Och hei ass d’Zil nees, datt Leit op e Site kommen an do hir Daten uginn.

Am Zweiwelsfall soll een op esou Linken net klicken a wann do op kee Fall seng Date weiderginn.

Back to Top
CIM LOGO