
Op Nofro confirméiert de CHEM d’Suspensioun vun engem Member vum medezinesche Personal. Weider Detailer gi keng genannt, och net aus wéi engem Service d’Persoun kënnt.
Schrëftlech deelt de Presseservice vum Escher Spidol mat, dass een intern iwwer eng medezinesch Prise en charge informéiert gouf, déi méiglecherweis der Sécherheet an dem Wuel vun engem Patient geschuet hätt.
“Als Konsequenz dovun, an am Sënn vun der Patientesécherheet, huet d’Direktioun d’Decisioun geholl, déi Persoun virsiichtshallwer bis op Weideres ze suspendéieren an eng intern Disziplinarprozedur ageleet.
Iwwert Reprochë wëll sech d’Direktioun vum CHEM net äusseren, engersäits well eng Enquête leeft, anerersäits fir d’Onscholdsvermuddung ze respektéieren”, esou déi offiziell Erklärung vum Spidol.
D’Direktioun vum CHEM hätt, wéi d’Gesetz et och virgesäit, de Parquet iwwer d’Faiten informéiert.
D’RTL-Informatioun, dass et eng Doktesch ass, déi op der Palliativstatioun schafft, krute mir offiziell net confirméiert.
Wann Dir vertraulech mat der RTL-Redaktioun wëllt Kontakt ophuelen, kënnt Dir e Mail un dossier@rtl.lu maachen.