
An enger éischter Phas war vu Leit, déi laanscht gefuer sinn, gemellt ginn, dass op der N11 en Auto géif dämpen, respektiv brennen.
Kuerz drop war et d’Meldung vun der Police, dass d’Strooss wéinst engem Autosbrand komplett fir de Verkéier gespaart gi wier. Kuerz virun 11 Auer koum dunn d’Entwarnung, dass d’Strooss nees op ass.
Wéi de CGDIS schreift, gouf beim Brand kee blesséiert. D’Pompjeeë vu Konsdref an Iechternach goufen op d’Plaz geruff, fir d’Feier ze läschen.