Aarbechtsaccident zu DippechOp engem Chantier ass en Aarbechter vun engem Géigestand blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident géint 14.30 Auer op engem Chantier um Contournement Dippech, bei Betteng op der Mess.
© Domingos Oliveira (RTL)

Wéi d’Police confirméiert, wier en Aarbechter um Chantier aus bis ewell ongekläerten Ëmstänn an engem Lach vun enger Staang un der Schëller blesséiert ginn, sou dass d’Pompjeeën hu misse geruff ginn, fir hie mat speziellen, motoriséierten Apparater aus senger Situatioun ze befreien. Op der Plaz, esou heescht et vun der Baufirma, huet sech erausgestallt, datt de Mann konnt manuell gebuerge ginn an déi extra Geräter net hu mussen an den Asaz kommen. Weider huet d’Firma och präziséiert, datt de Mann net an e Lach gefall wier, wéi et an enger éischter Meldung geheescht huet, mä am Lach geschafft huet, wéi hie vun enger Eisestaang blesséiert gouf.

Den Aarbechter koum kuerz drop an d’Spidol. Op der Plaz waren d’Pompjeeën, de Samu vum CGDIS, sou wéi d’Police. Och d’ITM gouf am Kader vum Aarbechtsaccident op d’Plaz ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO