
Zu Stau kënnt et dowéinst och op der Alternativ op der N7 tëschent Eech a Walfer. Och tëschent Näertreg an Déierbech ass d’Streck gespaart. Weider Beem an der Strooss leien op der N12 tëschent Dondel a Buer, op der N27 tëschent Ënsber an Ueschdref, um CR186 op der Héicht vun der Kockelscheier, um CR345 bei Dellen an um CR315 tëschent dem Hareler Potto a Sir. Iwwerall hei gëllt et opzepassen.
Den ACL warnt wéinst de Reeschaueren zanter en Dënschdegmoien an de schmierege Stroossen och virun der Gefor duerch Aquaplaning. Et gëllt virsiichteg ze fueren.
E Mëttwoch de Moien um 10 Auer huet d’Héichwaasseradministratioun d’"Vigilance jaune” fir de Süde vum Land opgehuewen. Deemno gëtt et kee Risk vun Héichwaasser méi. Déi weider Entwécklunge vun de Wiederkonditioune kann een op inondations.lu suivéieren.