Per europäeschem Mandat d'arrêt gesichtOpfällege Grupp Männer zu Déifferdeng kontrolléiert, ee gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Eng Policepatrull ass an der Nuecht op e Mëttwoch op e Grupp Männer opmierksam ginn, dee sech opfälleg beholl huet.
© RTL Archivbild

Wéi d’Männer d’Polizisten an der Rue Michel Rodange zu Déifferdeng erbléckst haten, wollte si sech séier ewechmaachen. Fir d’Beamte war dat e Grond, méi genee virzegoen.

Bei der uschléissender Kontroll hu sech d’Männer dann och net immens kooperativ beholl. Zwee hu souguer versicht, ze flüchten, mat der Konsequenz, dass si immobiliséiert goufen. Bei engem vun hinne konnten Drogen a Boergeld séchergestallt ginn. Dës goufen op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf protokolléiert. Weider koum nach eraus, dass deen anere Mann mat Hëllef vun engem europäesche Mandat d’arrêt gesicht gëtt. Hie gëtt en Donneschdeg am Nomëtteg virum Untersuchungsriichter erwaart.

Back to Top
CIM LOGO